Poroschenko fuerdert internationale Friddensasaz am Osten

Déi bescht Solutioun wier eng Policemissioun vun der Europäescher Unioun, déi vun der UNO beoptraagt gëtt.
Dat sot den ukrainesche President e Mëttwoch den Owend beim Optakt vun engem Treffen mat sengem nationalen Sécherheets- a Verdeedegungsrot zu Kiew. Dat wier a sengen Aen déi bescht an effektiivst Garantie fir Sécherheet an deem Deel vum Land.
Trotz engem Waffestëllstand, deen d'lescht Woch zu Minsk decidéiert gi war, huet sech déi ukrainesch Arméi e Mëttwoch, no deeglaangen uergen Ausernanersetzungen mat de pro-russeschen Separatisten, aus der strategesch wichteger Stad Debalzewe missten zeréck zéien.
Dat Friddensofkommes, wat déi lescht Woch zu Minsk ausgehandelt gi war, steet domatter nees op ganz wackelege Been.
Fir de russeschen UNO-Ambassadeur hätt d'Ukrain wéi et schéngt wëlles, de sougenannten Accord vu Minsk ze torpedéieren, andeems Kiew no enger internationaler Friddenstrupp gefrot huet. Wann een, amplaz sech un dat ze halen, wouriwwer een d'accord war, eppes Neies proposéiere géif, géif dat wuel heeschen, dass den Accord vu Minsk dout wär, gëtt de Witali Tschurkin zitéiert.
Bei hirem Telefonsgespréich e Mëttwoch den Owend haten d'Kanzlerin Angela Merkel, de François Hollande, de Wladimir Putin an de Petro Poroschenko iwwregens constatéiert, dass de Waffestëllstand am Oste vun der Ukrain net respektéiert gi wär, ma déi 4 wëllen um Accord vu Minsk festhalen.
De Jean Asselborn am Interview
D'Ukrainer mussen sech zanter e Mëttwoch mat desolate Biller op der Tëlee ausenanersetzen. Separatisten déi d'Eruewerung vun der strategesch wichteger Stad Debalzewe feieren. D'Stad tëscht Donezk a Lugansk war trotz enger decidéierter Wafferou ganz heftegen Ausernanersetzungen ausgesat, tëscht de Rebellen an der ukrainescher Arméi. Déi pro-russesch Separatisten behaapten, Debalzewe wier net am Ofkommes vu Minsk ernimmt ginn. Dat kann ee sech nëmme schwéier virstellen.
D'Lynn Gaspar huet um Donneschdeg de Moie mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn iwwer d'Situatioun an der Ukrain geschwat.