De Weekend mécht d'Formel 1 Statioun zu Austin an den USA. Um Programm steet de 4. Sprint vun der Saison.

Den Hollänner Max Verstappen geet e Samschdeg als Éischten an de Sprint vum Grousse Präis vun Amerika. Dem Red-Bull-Pilot ass e Freideg den Owend am Sprint-Qualifying déi séierste Ronn gelongen. Mat enger Avance vun 71 Dausendstel huet hien de Lando Norris am McLaren op déi zweete Plaz verwisen. Als Drëtten a Véierten hu sech den Oscar Piastri am zweete McLaren an den Nico Hulkenberg am Sauber klasséiert.

Domadder huet sech den aktuelle Weltmeeschter Verstappen déi bescht Ausgangspositioun geséchert, fir am Sprint weider Punkten op d'McLaren-Pilote gutt ze maachen.

De Sprint gëtt e Samschdeg den Owend um 18.30 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer a gëtt live op RTL ZWEE an RTL Play iwwerdroen. Méi spéit um 22.55 Auer ass dann nach de Qualifying fir de Grousse Präis vun den USA.

Am SQ1 war iwwerraschend scho Schluss fir de Yuki Tsunoda am Red Bull. De Japaner huet sech wéi e puer aner Pilote verschat. Eng Rei Autoe stoungen ze laang an der Boxegaass, sou datt keng séier Ronn méi méiglech war. Eliminéiert gouf och de Gabriel Bortoleto (Sauber), dee guer keng Zäit gesat huet, den Esteban Ocon (Haas), de Franco Colapinto (Alpine) an den Oliver Bearman (Haas).

Am SQ2 goufen de Liam Lawson (Racing Bulls), dee guer keng Zäit setze konnt, de Lance Stroll (Aston Martin), de Pierre Gasly (Alpine), den Isack Hadjar (Racing Bulls) an de Kimi Antonelli (Mercedes) eliminéiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025