No der Vermësstemeldung gouf en Dënschdeg am däitsche Güstrow eng Kannerläich fonnt. Elo huet en DNA-Test Kloerheet bruecht.

Den 10. Oktober war den aacht Joer ale Fabian am däitsche Güstrow, südlech vu Rostock, verschwonnen an nach de selwechten Owend vu senger Mamm als vermësst gemellt ginn. Ufanks war nach gemengt ginn, d'Kand hätt sech op de Wee bei säi Papp gemaach, deen net méi bei der Mamm gewunnt hat.

Dat war awer net de Fall. No enger Rei Sichaktiounen an der Géigend gouf en Dënschdeg dann d'Läich vun engem Kand an engem Bësch zu Klein Upahl, ronn 15 Kilometer südlech vu Güstrow fonnt. Séier konnt d'Police feststellen, datt d'Kand en Affer vun engem Gewaltverbrieche mat Friemawierkung gouf. D'Identitéit vum Kand konnt awer net direkt gekläert ginn. Ënner anerem och, well d'Famill sech net an der Lag gefillt huet, d'Läich selwer ze identifizéieren.

Elo huet en DNA-Test déi lescht Kloerheet bruecht. Bei der Kannerläich handelt et sech ëm den aacht Joer ale Fabian. Iwwert de geneeë Verlaf an Detailer vun der Dot huet de Parquet bis elo keng Ausso gemaach. Och d'Police huet wéinst de lafenden Ermëttlungen iwwert de Mord vum Jong keng weider Informatioune genannt.