Trump reegt sech iwwer geplangt Klimaschutz-Ofkommes fir Schëffer op

© AFP/Archiv/Daniel SLIM
Den US-President huet d'Ofstëmmung iwwert dat geplangt Klimaschutz-Ofkommes an der Schëfffaart schaarf kritiséiert.
"Ech si schockéiert, datt déi International Séischëfffaartorganisaitoun dës Woch zu London iwwer eng global CO2-Steier ofstëmmt", esou den Trump op Truth Social. "D'Vereenegt Staate wäerten dës global gréng nei Bedruchssteier op d'Schëfffaart NET toleréieren".
Déi International Séischëfffaartorganisatioun IMO ass eng Spezialorganisaitoun vun der UNO. Am Abrëll hate sech d'Memberstaate scho grondsätzlech fir e System, wéi een e Präis op d'CO2-Emissioune vu Schëffer ka setzen, ausgeschwat. An dëser Woch koum d'Ëmweltkommissioun vun der IMO zu London zesummen, fir d'Ofkommes unzehuelen. Déi dofir néideg Zweedrëttelmajoritéit gëllt bis ewell als "erreechbar", d'USA probéieren dëst awer elo ze änneren.
Déi international Schëfffaart stéisst eng héich Unzuel vun Zäregasen aus, déi de Klimawandel weider unheizen. E Präis op den CO2-Aussstoss ze setzen, soll dofir suergen, datt d'Schëffer ëmgebaut ginn, fir manner ëmweltschiedlech ugedriwwen ze ginn. Wichteg Länner wéi China, Brasilien, Groussbritannien an och d'EU si fir dës Ëmsetzung. Dogéint sinn déi grouss Pëtrolsproduzenten wéi Saudi-Arabien, Russland an déi Vereenegt Arabesch Emirater.
D'USA géife mat hirem Widderstand nach e Schratt méi wäit goen an hu schonn déi Länner menacéiert, déi den neie System ënnerstëtzen. Dëst mat eventuelle Sanktiounen. An dëser Woch huet Washington ugefrot, fir d'Verfare vum Ofstëmmen ze änneren. D'USA wéilten, datt Enthalunge méi Gewiicht kréien, wéi dat bis elo de Fall war. De Virschlag soll e Freideg iwwerpréift ginn. Sollt en ugeholl ginn, kéint dëst dofir suergen, datt de Plang net ugeholl gëtt.
Scho vun 2027 u sollen d'Reegelen, op déi ee sech eenege konnt, gëllen. Si betreffe grouss Schëffer, déi iwwer 5.000 Tonnen transportéiere kënnen. Dës maachen der IMO no ronn 85 Prozent vun de kompletten CO2-Emissiounen , déi déi international Schëfffaart ausstoussen, aus. Dat si ronn 3 Prozent vun all den Zäregasen, déi weltwäit ausgestouss ginn.