D'lettesch Ausseministesch Baiba Braže war e Freideg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.

"Dat bedeit, datt mir selwer musse staark sinn. D'russesch Wirtschaft schwächen. Russland politesch isoléieren an d'Ukrain stäerken. Dat mécht de President Trump an dat begréisse mir."

An den Ae vun der lettescher Ausseministesch ass den US-President Trump um richtege Wee. D'Ukrain misst an eng staark Positioun bruecht ginn, fir, datt dem Putin seng Iddi, d'Ukrain ze schwächen an ze demilitariséieren, net opgeet.

"Fir Fridden z’erreechen, muss Russland gezwonge ginn. Well et gëtt keng eenzeg Indikatioun, datt de Metzler am Kreml Fridde wëll. Politesch geet et him nëmmen ëm de Krich an der Ukrain. Et gëtt keng fräi Medien. Et gëtt nëmmen, total Kontroll iwwer alles. Jiddereen, deen eppes dogéint seet oder sech negativ iwwer de Krich an der Ukrain äussert, gëtt agespaart."

Lettland deelt 217 Kilometer Grenz mat Russland an 141 mat Belarus.

 

"Ofschreckung bedeit Fridden"

D'Baiba Braže erënnert drun, datt net just déi 3 baltesch Staaten, ma déi ganz Europäesch Unioun an d'NATO, Russland als Haaptmenace fir eis direkt Sécherheet, awer och eis Wäerter identifizéiert hunn.

"Am nächste Budget, dee mir grad als Regierung un d'Parlament geschéckt hunn, sinn d'Verdeedegungsausgaben op 4,9 % vum PIB festgeluecht. An dat si reng Verdeedegungsausgaben, reng militäresch. Ouni déi sougenannt 'soft security', net d'Police, net d'Sécherheetsdéngschter. Mir huelen dat ganz eescht, well Ofschreckung bedeit Fridden. Mir schaffen och ganz enk regional zesummen. Souwuel mat de baltesche Staaten, mat den nordesche baltesche Staaten, mat Polen, mat Däitschland, mat Holland, mat Benelux an esou weider, grad ewéi mat den USA a Kanada."

Den Ament sinn Zaldoten aus 14 NATO-Staaten a Lettland stationéiert. Och Lëtzebuerger Militär huet scho mat letteschen Experten am Beräich Cyberdefense zesummegeschafft. Hybrid Krichsféierung, vu Cyberattacken, d'Stéiere vu GPS-Signaler, Dronen, bis Desinformatioun, gehéiert an de baltesche Staaten zum Alldag.

"Et ginn den Ament keng russesch Gruppéierungen op där anerer Säit vun der Grenz, déi probéiere Lettland oder een aneren unzegräifen. Oder am Baltesche Mier, fir Dänemark unzegräifen oder eppes esou. Mee, fir sécherzestellen, datt dat esou bleift, muss een d'Verdeedegung an d'Sécherheet ganz eescht huelen."

Et wier wichteg, datt mir genau verstinn, wat Russland mécht. Dofir géif a ganz staark Fäegkeete fir Opklärung an Iwwerwaachung investéiert ginn. Fir och d’Intentiounen an déi politesch Prozesser op russescher Säit ze verstoen.

Gläichzäiteg misst och eent ganz kloer sinn: "Mir halen zesummen. Mir sinn hei fir ofzeschrecken an ze verdeedegen", sou d'lettesch Ausseministesch. Jidderee misst hei säi Bäitrag op verschiddenen Niveaue leeschten. Och Lëtzebuerg.

Lettesch Ausseministesch zu Lëtzebuerg
D'lettesch Ausseministesch Baiba Braže war e Freideg op Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.