Chef vun Elite-Unitéit als neie President vu Madagaskar vereedegt

© AFP/Archiv/Mamyrael
De Michael Randrianirina ass als neie President vum Inselstaat vereedegt ginn.
E Freideg huet de Randrianirina bei enger Zeremonie am Verfassungsgeriicht an der Haaptstad Antananarivo den Eed ofgeluecht, esou Journaliste vun der AFP, déi op der Plaz sinn. Den 51 Joer ale Chef vun enger Elite-Unitéit vun der Arméi huet vun engem "historesche Wendepunkt" fir dat ostafrikanescht Land geschwat.
Hien huet annoncéiert, datt hie "mat aller dreiwender Kraaft" wéinst dem Land eng "gutt Verfassung" ginn an en neit Walgesetz wéilt ausschaffen. Hien huet och gesot, datt hien Neiwalen an den nächsten 18 bis 24 Méint wéilt organiséieren.
D'Parlament vu Madagaskar hat en Dënschdeg fir d'Ofsetze vum President Andry Rajoelina gestëmmt, dee Medien no no wochelaange regierungskritesche Protester an d'Ausland geflücht war. Doropshin huet de Randrianirina, de Chef vun der Elite-Militärunitéit Capsat, d'Muecht am Land fir sech beusprocht. Weider huet d'Verfassungsgeriicht festgestallt, datt de Poste vum President "vakant" wier an huet de Militärchef opgefuerdert, d'Aufgabe vum Regierungschef ze iwwerhuelen.
D'Protester a Madagaskar haten de 25. September ugefaangen. Dem Randrianirina seng Unitéit Capsat hat sech de leschte Weekend op d'Säit vun den Demonstrante gestallt an en Dënschdeg annoncéiert, si hätt d'Muecht am ostafrikaneschen Inselstaat iwwerholl.
Ausléiser vun de Protester ware reegelméisseg Stroumausfäll vun iwwer 12 Stonne pro Dag esou wéi Problemer mat der Waasserversuergung. D'Protestbeweegung, déi wéinst dem jonken Alter vun de Meeschten Demonstranten sech als "GenZ" bezeechent, hatt ënner anerem gefuerdert, datt de President Rajoelina zerécktriede misst. Der UN no si bei de Protester op d'mannst 22 Mënschen ëmbruecht ginn an eng honnert weiderer goufe blesséiert.