De Prënz Andrew steet wéinst der Epstein-Affär staark ënner Drock. Um Freideg den Owend huet hie matgedeelt, ob all seng royal Titelen ze verzichten.

No engem Gespréich mat sengem Brudder, dem Kinnek Charles III., huet de Prënz Andrew ugekënnegt, dass hien all seng royale Titelen an Éierenämter néierleet – dorënner och den Titel "Duke of York". Dës Decisioun steet am Zesummenhang mat senger Verwécklung an d’Epstein-Affär, déi zanter Joren däischter Wolleken iwwert dem brittesche Kinnekshaus hannerléisst.

No Gespréicher mat dem Kinnek Charles, grad ewéi senger Famill, géif déi ganz Affär och d'Aarbecht vum Kinnekshaus negativ beaflossen. Hie géif seng Verantwortung géintiwwer senger Famill an dem Land als éischt Prioritéit gesinn. Viru 5 Joer war hien aus dem ëffentleche Liewen zeréckgetrueden. Elo wier et Zäit fir nach e Schrëtt weider ze goen, an all seng royal Titelen an Éierenämter néierzeleeën. Den Andrew widderhëlt awer nach emol, dass hien all Uschëllegunge géint seng Persoun zeréckweist.

Obschonn hien op déi meescht Titele verzicht, bleift den Numm "Prënz Andrew" bestoen, well dësen aus senger Gebuert als Jong vun der verstuerwener Kinnigin Elizabeth II. resultéiert. Fir de Prënzen-Titel oferkannt ze kréien, wier e parlamentaresche Prozess néideg.

D’Kinnekshaus hofft, mat dësem Schrëtt e kloren Schlussstréch ze zéien an d’Monarchie viru weiderem Schued ze schützen.

Epstein-Affär

Den Jeffrey Epstein, dee sech an héchste gesellschaftleche Kreesser opgehalen huet, stoung am Mëttelpunkt vun engem Mëssbrauchsreseau, bei deem Dosende jonk Fraen a Meedercher zu Affer goufen. D’Frëndschaft tëscht dem Epstein an dem Andrew huet dem Prënz säi Ruff massiv beschiedegt an him seng Positioun am enke Krees vun der kinneklecher Famill kascht.

Fra werft dem Andrew Mëssbrauch vir

Eng vun den Affer huet dem Andrew virgeworf, si als Mannerjäregt direkt e puer Mol mëssbraucht ze hunn. De 65 Joer alen Andrew huet dës Virwërf ëmmer zréckgewisen. D’Klo ass mat engem Verglach op en Enn gaangen. Trotzdeem hat den Andrew seng Roll als offiziellen Vertrieder vum Kinnekshaus verluer, genee wéi seng militäresch Räng an d’Schirmherrschaften.