"Trotz Wafferou feelt et an der Gazasträif un allem"
Den Albdram an der Gazasträif wier nach net eriwwer. Et war der Spriecherin vun Unicef International bei hirem Besuch bei RTL wichteg, dat ze betounen.
D'humanitär Situatioun wier trotz der rezenter Wafferou an e bëssen Hoffnung eng absolutt Katastroph, esou d'Rosalia Bollen.
Wann een d‘Rosalia Bollen, déi als eng vun de Spriecherinne vun Unicef International vill um Terrain ënnerwee ass, freet, wéi d‘Situatioun an der Gazasträif den Ament ass, muss si kuerz iwwerleeë wéi si dat Leed beschreiwe soll.
"Et fält mir schwéier déi richteg Wierder ze fannen. D'humanitär Situatioun ass ganz dramatesch. De Gros vun de Familljen huet keen Daach iwwer dem Kapp. Si hunn all Honger. Meng Kolleegen um Terrain soen, d'Kanner hätten all Duuscht. Si géife signaliséieren, dass si drénke wéilten. Et feelt einfach un allem."
Iessen, Drénkwaasser, Medikamenter, Equipement fir d‘Spideeler.
"Mä ofgesi vum materiellen Manktem: D'Populatioun leit psychologesch immens. Zwee Joer Krich a Verwüüstung, dat hannerléisst Spueren."
D‘Leit, déi op der Plaz hëllefen, ginn och als Psychologe gebraucht. Ma, obwuel esou fragil, géif déi rezent decidéiert Wafferou tëscht Israel an der radikalislamescher Terrororganisatioun Hamas, der palästinensescher Populatioun Hoffnung ginn.
D'Rosalia Bollen erzielt vun enger remarkabeler Renconter:
"Mir hunn eng Groussmamm begéint. Si passt op hir zwou kleng Enkelinnen op. D'Eltere vun de Meedercher sinn dout. Hir Situatioun ass ganz schwéier, mä d'Boma verléiert hir Hoffnung net: Direkt nodeems d'Wafferou decidéiert war, huet si Leit vun eis gefrot, d'Schoulen nees séier opzemaachen."
An d'Wafferou huet et och der Unicef erlaabt, de ronn 545.000 Kanner an Nout besser ze hëllefen:
"Mir hu schonn eng zolidd Quantitéit un Hëllefsgidder erabruecht. E groussen Deel ass Material fir Zelter ze bauen, Kleeder, Pämperssen, Hygiènesproduiten, Medikamenter, Apparater fir d'Spideeler virun allem fir Bëbeeën. Dat alles ass d'Woch no der Decisioun vun der Wafferou geschitt. Ma eis Ekippe bleiwen do, fir alles séier ze verdeelen. Mir hunn Determinatioun an d‘Experienz, fir dat ze maachen."
D'Unicef géif och enk mat aneren ONGen zesummeschaffen. D'Rosalia Bollen erënnert awer drun, ewéi fragil d'Wafferou ass. Si hofft op weider politesch Efforten, fir zum Beispill ze garantéieren, dass d'Accèse fir d'Hëllefsgidder an d'Gazasträif dauerhaft op bleiwen. Ma onofhängeg vun der Politik géifen d'ONG weider géint déi humanitär Katastroph an der Gazasträif schaffen, ewéi och scho virum Krich, esou d'Rosalia Bollen.
Als Spriecherin vun Unicef International war et der Rosalia Bollen natierlech wichteg, ze betounen, dass si wéi all d‘Hëllefsorganisatiounen zu engem groussen Deel op Donen ugewise wieren.
D'Hallschent vun der Populatioun vun der Gazasträif huet manner wéi 19 Joer. Och wann déi Jonk vill Schlëmmes erlieft hunn, kucke si awer optimistesch an d'Zukunft.
Majid Al-Talmasi:
"Ech si frou, datt de Krich eriwwer ass. Mir wëllen zeréck heem an do a Fridde liewen, amplaz op der Flucht ze sinn an ze fäerten. An dat wäert haut endlech geschéien."
Aya Abu Al-Omrein
"Ech gouf aus Gaza verdriwwen, haut ass een Dag vun der Freed, trotz de Bombardementer, dem Krich an allem, wat eis geschitt ass. Ech hu meng Elteren a sechs vu menge Geschwëster verluer. De Waffestëllstand bedeit mir esou vill an ech hoffen, datt en hält. D'Angscht huet eis verlooss an ech wëll jidderengem Merci soen, dee gehollef huet d'Kämpf op een Enn ze bréngen."
Rasha
"Ech vermësse meng Cousinen, mir wëlle bei si op de Kierfecht kucke goen. A mir wëllen eis Familljen a Gaza besiche goen. Zanter de Waffestëllstand annoncéiert gouf, si mer all frou."