De Kommissär fir d'Mënscherechter am Conseil de l'Europe, Nils Muiznieks, war 5 Deeg laang op Visite zu Lëtzebuerg.

"Lëtzebuerg huet virbildlech Efforte gemaach, fir op d'Erausfuerderung vun der Migratioun an de Réfugiéen ze äntweren" sot de Kommissär vun de Mënscherechter am Conseil de l'Europe Nils Muiznieks nodeems hie während 5 Deeg op Visite hei am Land war. An awer ginn et nach eng ganz Réi Punkten, wou Lëtzebuerg sech verbessere misst.

AUDIO: Kommissär fir Mënscherechter / Rep. Claudia Kollwelter

Ugefaange bei den Delaien, déi et ginn, wat d'Decisioun vum Asyl ugeet. Dës hätte sech dem Kommissär no liicht verbessert, ma den Nils Muiznieks hofft allerdéngs, datt d'Autoritéiten d'Aarbechtsplazen an deem Beräich permanent maachen. En anere Beräich sinn déi vulnerabel Leit, déi hei zu Lëtzebuerg ukommen, dës misste besser assistéiert ginn. Dat géing wuel gemaach ginn, mä hien hätt héieren, datt et grouss Ecarte géing ginn, wat d’Unzuel vun Assistants sociales an de verschiddene Foyeren ugeet.

An de Foyere vun der Croix-Rouge oder Cartias ass et een Assistant Social op 50 Réfugiéen, an deenen vum OLAI een op 150 Leit. An de Foyeren vum OLAI kéint sech also definitiv eppes verbesseren.

Während senger 5 Deeg laanger Visite, déi 44. an Europa iwwregens, huet de Kommissär ënnert anerem eng ganz Rei Ministeren, d'Ombudsfra an ONGe gesinn. Hien ass awer och zum Beispill an d'Luxexpo kucke gaangen. Dee groussen Hall mat risegen Zelter an deenen all Kéiers 16 Better stinn, huet den Nils Muiznieks zum Nodenken bruecht.

Ech war schonn an ähnleche Strukturen an Europa. Fir éierlech ze sinn war ech iwwerrascht esou eng Struktur hei zu Lëtzebuerg ze fannen. Während der Flüchtlingskris 2015/2016 goufen et natierlech vill provisoresch Raimlechkeeten. Mä elo hu mer de Gros vun der Kris iwwerstanen an da gesinn ech an engem sou räiche Land, wéi Lëtzebuerg, datt Leit an Zelter mussen hausen. Ech hu mech du gefrot, ob dëst déi nei Normalitéit ass, ob do souguer déi bescht preparéiert Länner an Europa wäerten endegen.

Dann huet de Kommissär och nach eng Visite am Centre de rétention gemaach. An no där Visite war fir hien och kloer, datt dëst keng Platz fir Kanner ass. Hien huet hei Leit kenne geléiert, déi schonn fir d‘5. oder 6. do sinn.

Ech weess, datt dëst a villen europäesche Länner e schwieregt Thema ass. Dëst sinn Leit, déi kee Recht op Protektioun hunn, an dat ass natierlech komplizéiert, se zréck an hiert d'Land ze schécken, aus deem se koumen. Mä ech gesinn absolut keen Notzen doran, dës Leit ëmmer erëm an ëmmer erëm am Centre de rétention festgehale ginn. Virun allem net, wa se net iergendwellech Gesetzer mëssbraucht hunn, ausser déi, déi mat der Migratioun ze dinn hunn. Et ginn hei keng einfach Äntwerten, mä ech encouragéieren awer iwwer Alternativen nozedenken.

Den Kommissär fir Mënscherechter am Conseil de l'Europe sëtzt sech elo no der Visite mat senger Equipe zesummen, fir verschidde Ministeren aus Lëtzebuerg e Bréif, mat sengen Analysen a Recommandatiounen, ze schreiwen.