Ecofin-ConseilLitauen kann en den Euro aféieren

No der Kritik um Stabilitéitspakt sollen um Freideg am Ecofin-Conseil d'Regelen nach emol vun de Finanzministeren iwwerpréift ginn.

Den Eurogroupe ass sech awer eens, datt d'Defizit-Kritèren weider agehal solle ginn, sou de Jeroen Djisselbloem no der Reunioun en Donneschdeg. Ze lescht hat d'Cheffin um FMI Christine Lagarde de Stabilitéitspakt als ze vill komplizéiert kritiséiert.
Déi Christine Lagarde hat en Donneschdeg eng Reunioun mam Jean-Claude Juncker.
D'Euro-Finanzministeren hunn en Donneschdeg gréng Luucht ginn, fir datt Litauen den Euro aféiere kann an hu weider Finanzhëllefe fir Zypern fräiginn.

E Freideg geet et dann am méi grousse Krees ënnert anerem och ëm d'Lutte géint Steierbedruch.