Nom uergen Accident vun der Seelbunn zu Lissabon mat 16 Doudegen hu mir bei den CFL nogefrot, ob et och hei am Land zu sou engem Virfall komme kéint.

Op Nofro hi präziséieren d’CFL, déi an der Stad de Funiculaire tëscht dem Pafendall an dem Kierchbierg bedreiwen, datt d’Kabinnen duerch den agebauten automatiséierte Bremssystem direkt ofgebremst ginn, wann zum Beispill e Kabel géif räissen, respektiv wann de Widderstand vum Kabel, deen de Funiculaire transportéiert, noloosse géif. Duerch dëse Sécherheetssystem wier ausgeschloss, datt d’Kabinne weiderfueren.

Den Traktiounskabel géif all Mount per Kamera inspizéiert. Donieft géif dräi Mol am Joer méi eng déifgräifend Maintenance gemaach, sou d’CFL.