Ausseministère: keng Lëtzebuerger Residenten ënnert den Affer
E Mëttwoch den Owend koum et zu engem Accident vum bei Touriste beléiften "Elevador da Glória" zu Lissabon.
D'Zuel vun den Doudesaffer beim Accident ass vu 17 op 16 korrigéiert ginn. Op d’mannst 20 Leit goufe blesséiert, dovunner fënnef schwéier. Dat ass de ganz uerge Bilan, nodeems e Mëttwoch den Owend géint 18 Auer eng Kabinn vun der bekannter Stand-Seelbunn am Zentrum vu Lissabon entgleist ass. De lëtzebuergeschen Ausseministère huet matgedeelt, dass keng Lëtzebuerger oder Residenten hei aus dem Land ënnert den Affer a Blesséierte wieren.
Am Laf vum Donneschdeg koum d'Meldung, datt een aacht vun den Doudesaffer identifizéiere konnt: Fënnef Portugisen, zwee Koreaner an ee Schwäizer. Ënnert de Blesséierte sinn och eelef Touristen, zwee Däitscher, zwee Spuenier, ee Fransous, een Italiener, ee Schwäizer, ee Kanadier, ee Südkoreaner, ee Marokkaner, ee Kapverdianer, an e Kand vu grad emol dräi Joer.
D’Kabinn vum Funiculaire "Elevador da Glória", deen d’Quartiere Baixa an Bairro Alto matenee verbënnt, wier duerch e Seel, dat gerass ass, aus der Spuer gesprongen, mat héijer Vitess déi géi Strooss erofgefall, hätt sech iwwerschloen a wier du mat grousser Wucht opgeschloen.
D’Rettungsaarbechten hu bis an d’Nuecht era gedauert. Eng Enquête soll elo genee klären, firwat et zu deem Accident komm ass. Den Direkter vun der portugisescher Kriminalpolice Luis Neves sot op enger Pressekonferenz, dass als Grond fir d'Ongléck näischt kéint ausgeschloss ginn, soulaang näischt sécher wier.
Carris, déi fir de Verkéier zu Lissabon responsabel sinn, hunn annoncéiert, dat "all Maintenance-Protokoller" agehale gi wieren. Deemno wier déi lescht generell Maintenance, déi all véier Joer ufält, 2022 duerchgefouert ginn, an déi lescht Tësche-Maintenance, déi all zwee Joer usteet, am Joer 2024.
An der Tëschenzäit ass annoncéiert ginn, dat de Service vun dräi weidere Bunne suspendéiert gouf, fir "Sécherheetskontrollen" duerchzeféieren. Betraff sinn d'Bunne "Bica", "Lavra" a "Graca".
De Buergermeeschter vu Lissabon Carlos Moedas sot e Mëttwoch den Owend schonns, et wier eng Tragedie wéi seng Stad se bis ewell nach ni kannt hätt. De President Rebelo De Sousa huet fir dësen Donneschdeg eng Staatstrauer ausgeruff.
Op de soziale Medien huet och d’EU-Kommissiounscheffin Von der Leyen den Affer an Hannerbliwwenen hiert Matgefill ausgeschwat, wéi och de Premier Luc Frieden, dee sech déif schockéiert seet.
Den "Ascensor da Glória", wéi d'Seelbunn genannt gëtt, ass eng vun de bekanntste Touristenattraktiounen zu Lissabon a gouf schonn am 19. Joerhonnert a Betrib geholl. Souwuel d'Awunner wéi d'Touriste benotze se, se verbënnt den ënneschte Quartier Baixa mam méi héich geleeëne Quartier Bairro Alto.