Auto rennt a Leit zu Berlin, véier Persoune blesséiert

© Photo by ODD ANDERSEN / AFP
Dräi Kanner an eng Betreierin goufen en Donneschdeg zu Berlin blesséiert, wéi en Auto an e Grupp vu Leit gerannt ass.
Zu Berlin ass en Donneschdeg um 13.10 Auer en Auto an e Grupp vu Leit gerannt, wéi däitsch Medie mellen. Berichter no wieren haaptsächlech Kanner am Grupp gewiescht an et géifen e puer Blesséierter.
D'Betreierin, déi bei de Kanner war, soll schwéier verwonnt gi sinn. Vun de 15 Kanner am Grupp wieren der dräi liicht blesséiert ginn, sou d'Berichter.
De responsabele Chauffeur soll mat sengem BMW beim Ofbéien an de Grupp gerannt sinn. Den 20 Joer ale Mann, deen duerch rout gefuer wier, ass festgeholl ginn, sou e Spriecher vun der Police. Et besteet aktuell de Verdacht, dass hien ënnert Drogenafloss gestanen hätt. Och de Chauffeur ass blesséiert ginn.
Den Tëschefall huet sech an der Seestraße am Staddeel Berlin-Wedding zougedroen.