"Permanent Sireenen héieren an net direkt verstanen, wat geschitt war"
Zu Lissabon koum et e Mëttwoch den Owend zu engem graven Accident mat der bekannter Stand-Seelbunn "Elevador da Glória".
Leschten Informatiounen no si 16 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi eng vun de Kabinnen aus der Spuer gesprongen an erofgefall ass. Méi wéi 20 Leit goufen donieft deels schwéier blesséiert. Ob ënnert den Affer och Leit mat engem Lien op Lëtzebuerg sinn, ass nach net gewosst. Ma et waren op alle Fall Lëtzebuerger op der Plaz, de Marc Hoscheid huet mat enger Fra iwwer hir Andréck geschwat.
Et war déi éischte Kéier, datt si mat hirer Famill an der portugisescher Haaptstad Vakanz gemaach huet an am Fong stoungen déi klassesch Touristenattraktiounen um Programm. Et wollt een och een Tour mat der berüümter Linn 28E fueren, ma um Enn huet een et awer net gemaach an et ass et bei enger Foto bliwwen. Fir bëssi ze raschten, goung et dunn op de Strand, ma et sollt net laang daueren, bis een d'Nouvelle vum Accident matkritt huet, wéi d'Mandy Ragni, déi iwwregens fir déi Gréng am Escher Gemengerot sëtzt, erkläert.
"Wéi mer zeréck an den Hotel gefuer sinn, hu mer gemierkt, datt immens vill Ambulanze ronderëm gefuer sinn, et huet ee permanent Sireenen héieren a mir hunn net direkt verstanen, wat geschitt war. A wéi mer dunn am Hotel ukomm waren, huet mäi Mann de Fernsee ugemaach an du hu mer an den Noriichte gesinn, wat geschitt ass. Mir hunn och nach déi ganzen Zäit d'Sireenen héieren an et ass wierklech immens traureg."
Mëttlerweil ass si mat hirer Famill nees zu Lëtzebuerg. Ma och déi kuerz Zäit, déi een nach zu Lissabon war, ass duergaangen, fir matzekréien, wat fir een Impakt den Accident op d'Leit hat.
"Egal wou een higaangen ass, ob dat op den Terrasse war oder ronderëm, d'Leit hu just dovunner geschwat an et huet ee gesinn, datt se um Handy Noriichte gekuckt hunn oder Videoen, déi op de sozialen Netzwierker gepost gi sinn."
Wat d'Grënn vum Accident ugeet, wier a portugisesche Medien doriwwer riets gaangen, datt ee Seel gerass wier an de Waggon dowéinst biergof net méi gebremst krut an ëmgetippt ass. Vu Reprochen un d'Adress vum Bedreiwer hätt een iwwerdeems näischt matkritt. Egal wéi kéint si sech virstellen, datt d'Awunner vu Lissabon d'Biller vum Accident nach esoubal net aus de Käpp kréien.
D'Cour grand-ducale huet iwwregens en Donneschdeg e Message publizéiert, dass een a Gedanke bei de Bierger vu Lissabon wier.