2.217 Doudeger no Äerdbiewen a bal 4.000 Blesséierter

Leit am Afghanistan, déi nom Äerdbiewe geflücht sinn / © AFP
Véier Deeg nom uergen Äerdbiewen am Afghanistan huet d'Taliban-Regierung eng staark Hausse bei den Afferzuele gemellt.
Antëscht wieren 2.217 Doudeger a bal 4.000 Blesséierter gezielt ginn, huet de Vize-Regierungsspriecher Hamdullah Fitrat en Donneschdeg op X matgedeelt. Bis ewell louch déi offiziell Zuel vun den Doudesaffer bei ronn 1.500.
De Groussdeel vun den Affer wier dem Fitrat no an der nordëstlecher Provënz Kunar registréiert. "D'Biergungsaarbechten dauere weider un", huet de Vize-Regierungschef erkläert.
D'Biewe vun der Stäerkt 6,0 war um spéide Sonndegowend an der Géigend vun der Groussstad Dschalalabad am Oste vun Afghanistan geschitt. D'Rettungsekippe kommen am Grenzgebitt zu Pakistan mat ville Bierger nëmme schwéier virun. Si gi vun enger weiderer Hausse un Doudegen aus. D'Taliban-Regierung huet d'Weltcommunautéit fir international Hëllef gefrot.