En Donneschdeg de Moie war déi drëtt Sozialronn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Michel Reckinger

D’Sozialpartner sinn net onméiglech, mee effektiv si mir mat verschidde Point de Vuen an d’Sozialronn gaangen, esou de Michel Reckinger. De President vun der Union des entreprises huet en Donneschdeg de Moien hei op RTL awer haaptsächlech de Gewerkschaften d’Schold dofir ginn, datt d’Regierung keen Accord mat de Sozialpartner fonnt huet.

D’Gewerkschafte kruten hir Rolle bei de Kollektivverträg verdeedegt a bei de Rente sollen d’Cotisatiounen e bëssen eropgoen, allerdéngs gëtt de Modérateur de Réajustement bäibehalen (de Modérateur bremst d’Upassung vun de Renten un d’Lounentwécklung) an d’Leit, déi mat 60 wëllen an d’Pensioun, mussen 8 Méint méi laang schaffe goen. De Vertrieder vum Patronat gesäit trotzdeem kee Kompromëss oder Alenke vun de Gewerkschaften.
 
"Nee ech mengen dat kann een definitiv net esou soen", esou de Michel Reckinger. Et misst ee kucken, vu wou een hierkéim. Fir unzefänken, bei der Hausse vun de legale Sonndesstonne vu 4 op 8, wou just nach Geschäfter mat manner ewéi 30 Salariéen dat ouni Kollektivvertrag kënne maachen. Fir de Patronatsvertrieder wier awer den Unhaltspunkt net déi aktuell gesetzlech Lag, also 4 legal Sonndesstonnen, mee de Projet vun der Regierung, fir d’Sonndesstonnen am Handel ganz vu 4 op 8 eropzesetzen an net u Kollektivverträg ze konditionéieren.

"Fake news"

D’Argument, datt d’Kollektivverträg mam initiale Projet awer geschwächt gi wieren, huet de Michel Reckinger net acceptéiert. Hie géing och net verstoen, firwat d’Gewerkschaften net mat 8 Sonndesstonnen d’accord wieren, well d’Leit, déi souwisou de Wee maache fir 4 Stonnen, "wëlle méi laang" schaffen an de Supplément kréien.
 
Hien huet en Donneschdeg de Moien och zweemol de Gewerkschafte "fake news" virgeworf: engersäits wat d’Pläng vun der Regierung a Saache Kollektivverträg gewiescht wieren an eng aner Kéier fir d’Leit op d'Maniff vum 28. Juni ze lackelen. (NvdR: den Auteur vum Artikel konnt net retracéieren, ob een dem Patronat oder der Regierung virgeworf hätt, dës hätte gesot, se wéilte keng Kollektivverträg. Anerersäits konnt en net beurteelen, ob de Flyer vun de Gewerkschaften oder Sloganen ewéi "nos pensions sont en danger" fake news sinn).
 
De Michel Reckinger huet wéi gesot de Gewerkschafte vill Virwërf gemaach. Misst hien déi dann net och den 12.000 bis 15.000 Leit maachen, déi den 28. Juni manifestéiert hunn oder dem soziale Fligel vun der CSV? De Michel Reckinger huet geäntwert: "Mam soziale Fligel vun der CSV hunn ech Gott sei Dank näischt ze dinn". Et wier den "interne Béier" vun der CSV, fir do eng Linn ze kréien.

Renten: Patronat eleng hätt sech fir d’Jugend agesat

D’Rente ware jo den Haaptsujet. Och hei huet de President vun der Unioun vun den Entreprisë keen Alenke vun de Gewerkschafte gesinn. Hien huet deklaréiert, datt d’Patronat bei de Sozialronnen, déi eenzeg gewiescht wieren, déi och Spuermesurë gefuerdert hätten. 
 
An deem Sënn wiere si déi eenzeg gewiescht, déi sech fir d’Jugend agesat hätten, well misste méi bezuelen wann d’Reform net wäit genuch geet. An hien huet esouguer deklaréiert, si wieren déi eenzeg gewiescht, déi "ganz sozial ofgefiedert Mesuren" op den Dësch geluecht hätten, wou een "komm mer huelen deenen Décken eppes ewech a ginn deene Klenge méi".
 
Positiv wier fir de Michel Reckinger, datt a sengen Ae jiddereen zanter dem Ufank vum Renten-Debat viru bal engem Joer méi schlau gi wier. De Vertrieder vum Patronat hofft awer, datt d’Renten net zu engem Walkampfthema ginn, mee scho virun de Walen 2029 weider Mesuren ergraff géinge ginn. De Sujet wier ze wichteg, fir datt een a sengen Ae géing riskéieren, an engem Walkampf eng Surenchère vu "ganz séier, ganz einfach, populistesch Léisungen" ze provozéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.