Op d'mannst 26 Länner wëlle sech un engem méiglechen Asaz an der Ukrain bedeelegen, wann et zu engem Waffestëllstand mat Russland géif kommen.

Dës Länner hätte sech verflicht, "fir Zaldoten am Kader vun enger Trupp, déi d'Land ofséchere soll, an d'Ukrain ze schécken oder um Buedem, am Mier oder an der Loft present ze sinn", esou de franséische President Emmanuel Macron en Donneschdeg no enger Reunioun vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen" zu Paräis.

Däitschland, Italien a Polen zielen zu de Länner, déi hir Bedeelegung formaliséiert hätten, esou de Macron. "Jiddereen no senge Moyenen", betount de Macron. Déi däitsch Regierung hatt virdrun annoncéiert, datt hire Bäitrag fir d'Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain doranner géif bestoen, datt een déi ukrainesch Loftverdeedegung stäerkt.

Den ukrainesche President Selenskyj huet den Alliéierte fir hir Bereetschaft, Truppen fir e méigleche Waffestëllstand an d'Ukrain ze schécken, Merci gesot. Et wier säit laangem déi éischte Kéier, datt "esou een eeschte konkrete Fortschrëtt" erreecht gi wier.

D'Bedeelegung vun den USA géif "an den nächsten Deeg" gekläert ginn, esou de Macron mam Bléck op d'Gespréich vu verschiddenen europäesche Staats- a Regierungscheffe mam US-President nom Meeting zu Paräis.

Aussoe vum Wolodymyr Selenskyj no hätt sech den US-President "ganz onzefridden" doriwwer gewisen, datt "Europa russesch Pëtrolsproduite" keeft. Den ukrainesche President huet dobäi op Ungarn an d'Slowakei verwisen.

Vill vun de Politiker waren awer net zu Paräis mat dobäi, mä ware per Video bäigeschalt. Aus Däitschland huet et no der Reunioun geheescht, datt Russland ophale misst, op Zäit ze spillen, wann et ëm d'Verhandlungen ëm e Waffestëllstand geet. Soss kéinte weider Strofen op Moskau zoukommen. "Mir Europäer féieren déi intensiv Ukrain-Diplomatie weider an handele weider zesummen", esou de Friedrich Merz op X. Et misst een op e Sommet hi schaffen, un deem de Selenskyj kann deelhuelen. "Do muss e Waffestëllstand decidéiert ginn", esou de Kanzler weider.