Prisongsstrof an anerem EU-Land nëmme mat Accord

© AFP Symbolbild
Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet missen eng Decisioun huelen, bei engem Mandat d'arrêt, wann en an engem aneren EU-Land decidéiert gouf.
Gëtt e Stroftäter aus engem EU-Land mat europäeschem Mandat d'arrêt gesicht an an engem aneren EU-Land festgeholl, dierf dat zweet Land d'Strof net ouni Accord vum éischte Land selwer vollstrecken. De Betraffene muss ausgeliwwert ginn. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff (EuGH) hei am Land en Donneschdeg decidéiert.
Et geet konkret ëm e Fall a Rumänien. E Geriicht zu Bukarest hat 2017 e Rumän zu enger Prisongsstrof verurteelt. 2020 ass d'Strof rechtskräfteg ginn. D'Geriicht huet en europäesche Mandat d'arrêt erausginn, fir de Mann ze fannen. Hie gouf och kuerz drop an Italien festgeholl, ma do hu sech d'Autoritéiten awer geweigert, de Rumän auszeliwweren. Si hu ganz einfach decidéiert, dat rumänescht Urteel unzëerkennen. Dat heescht, de Rumän koum an Italien an de Prisong.
An Italien gouf dës Decisioun geholl, well seng Chance op eng Resozialisatioun hirer Meenung no méi grouss wier, well de Mann sech reegelméisseg rechtméisseg an Italien opgehalen hätt. Do hätt et no geleeën, dass hien och an Italien seng Strof ofsëtzt. Do war tatsächlech just nach en Hausarrest fir de Mann virgesinn, well hien en Deel vun der Strof schonn an Italien ofgesiess hat.
Domat war Rumänien net averstanen. D'Justiz do huet op den europäesche Mandat d'arrêt verwisen an de Mann misst ausgeliwwert ginn, fir do seng Strof ofzesëtzen. E Geriicht zu Bukarest huet sech dowéinst un den EuGH geriicht.
Vum EU-Geriichtshaff koum d'Äntwert, dass en europäesche Mandat d'arrêt um Grondsaz vu géigesäitegem Vertraue berout. Gëtt en net duerchgesat, da just an Ausnamefäll. D'Autoritéite vun engem EU-Land, déi de Mandat ausgestallt hunn, mussen och zoustëmmen. Gëtt d'Land keen Accord kann d'Strof och net vun engem anere Land iwwerholl ginn.
An dësem konkrete Fall decidéiert also d'Geriicht a Rumänien.