Net genuch Schutz fir d'Affer vu Sexualdelikter duerch franséisch Justiz

© AFP Symbolbild
Frankräich gouf en Donneschdeg vum europäesche Mënscherechtsgeriicht verurteelt.
Konkret geet et ëm d'Affer vu Vergewaltegungen. Déi franséisch Justiz wier net amstand, "fir géint sexuell Akten ouni Zoustëmmung virzegoen", heescht et vum Stroossbuerger Geriicht.
Hannergrond war eng Klo vun enger jonker Apdiktesch a Frankräich, déi mat hirem 16 Joer méi ale Virgesetzten eng Sado-Maso-Bezéiung agaange war. Si hat hie spéider wéinst Vergewaltegung a Folter verklot. Um Enn hat d'Appellsgeriicht zu Nancy dat lescht Wuert an huet de Mann fräigesprach. An hirem Urteel gouf op déi "speziell" Virléifte vun hirer "Bezéiung" verwisen.
Elo huet d'Mënscherechtsgeriicht wéi gesot reagéiert an d'Lücken an der franséischer Gesetzgebung ervirgestrach. Konkret gouf d'Aart a Weis kritiséiert, wéi d'franséisch Justiz ageschat huet, ob d'Fra hir Zoustëmmung ginn hat. D'Fra wier souguer nees zum Affer ginn an dat wärend dem Geriichtsverfaren, well si mat deplacéierte Froen an d'Roll vun der Schëlleger gedréckt gouf.
Frankräich muss de Stroossbuerger Riichter no eng Entschiedegung an Héicht vun 20.000 Euro un déi betraffe Fra bezuelen. Hir Affekotin huet sech zefridde gewisen, d'Urteel soll Frankräich nämlech endlech dozou beweegen, Frae besser ze schützen.
A Frankräich gëtt den Ament e Gesetz debattéiert, dat eng Vergewaltegung als sexuellen Akt ouni Zoustëmmung nei definéiert. Deemno gëllt "roueg sinn" oder "keng Reaktioun weisen" net als Zoustëmmung. Dofir bréicht et villméi en ausdrécklecht Averständnis.
Den Ament gëtt et nach e Konsens. Am Text steet: "D'Zoustëmmung muss fräiwëlleg a bewosst passéieren". Dat wier net präzis genuch. "Zoustëmme géing net bedeiten, net Nee ze soen, ma ausdrécklech Jo ze soen", betount d'Ministesch fir Gläichstellung Aurore Bergé. Och Norwegen, Dänemark, Griichenland a Spuenien definéieren eng Vergewaltegung schonn nom Prinzip "nëmme Jo, heescht Jo".