Keen Accord vun EU-Minister iwwer griichesch Scholdekris

De griichesche Finanzminister Gianis Varoufakis refuséiert den Ultimatum vum Eurogrupp an och eng Verlängerung vum Hëllefsprogramm fir säi Land.
Mir wëllen ee neien Vertrag, esou de Varoufakis e Méindeg den Owend nodeems eng nei Verhandlungsronn iwwer d'Scholdeproblemer vu sengem Land zu Bréissel gescheitert ass.
Deen ale Programm wier d'Ursaach an net d'Léisung fir d'Problemer vu Griichenland.
Den Eurogrupp hat Griichenland e Méindeg wéi gesot een Ultimatum gesat, bis d'Enn vun der Woch, fir dach nach ee Kompromëss am Scholdesträit ze fannen. D'Grondlag fir een Accord sollt d'Demande vu Griicheland, fir eng Verlängerung vum aktuellen Hëllefsprogramm gewiescht sinn. Dat huet déi griichesch Regierung awer ofgeleent.
Sengen Homologen huet de Varoufakis e Méindeg virgehäit, se géife keng konkret Detailer ginn iwwer dat wat se Wëlles hätten. Hien hätt an den Diskussioune mat de Finanzminister keng konkret Äntwerten op d'Fro kritt, wéi een Handlungsspillraum der griichescher Regierung an Zukunft zougestane gëtt.
De Griichen no hat den EU-Kommissär Pierre Moscovici virun der Reunioun vun de Finanzminister ee Papier virgeluecht, fir dee Griichenland Kompromësser agaange wier. Doranner wier déi humanitär Katastrof am Land nämlech unerkannt ginn, an et wier eng Iwwergangszäit vu 4 Méint dra virgesinn gewiescht. Kuerz virun der Reunioun vun de Finanzminister hätt awer de Chef vum Eurogrupp Dijsselbloem déi Propose zeréckgezunn an eng eegen op den Dësch geluecht, déi d'Verhandlungen nees op de Stand vum leschte Mëttwoch zeréckgesat huet.
Een Akkord kann och nëmme fonnt ginn, esou de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna, um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview, wann Athen endlech mat oppene Kaarte spillt a genee Donnéeën iwwer d'Situatioun vun de Staatsfinanzen op den Dësch leet.
Trotz der Menace vun enger Staatsfaillite am Fall wou et keen Akkord géif, ass fir de griichesche Finanzminister eng Sortie aus dem Euro keng Alternative.
Iwwert ee méiglechen Austrëtt vu sengem Land aus der Währungsunioun sot de Varoufakis just: "Griicheland ass ee Member vun der Eurozon a wäert dat och an Zukunft bleiwen."
D'Onsécherheete fir d'Eurozon, wéinst Griichenland, huet och hir Inzidenzen op d'Boursen:
Fir d'éischt déi zu Athen; do war et um Dënschdeg de Moie fir den Optakt vum Handel eng staark Baisse vu ronn 4%.
An Tendenz no ënnen, wann och manner héich ewéi zu Athen, op den aneren europäesche Boursen, bei der Ouverture vum Handel: Zu Frankfurt war et eng Baisse vun 0,69%. Zu London ee Réckgang vun 0,14% an zu Paräis esou guer ee Minus vun 1,02%.
D'Zäit leeft fort
Se hunn decidéiert, datt se näischt decidéieren. De Problem ass just: d'Zäit leeft fort a kee weess genee wéi et weidergeet mat Griichenland. Zu Bréissel ass e Méindeg näischt erauskomm. D'Griichen hunn näischt proposéiert, déi aner si queesch ginn.
Iergendwéi rose sinn se ginn an irjendwéi wësse se sech awer och kee Rot. Dat huet een en Dënschdeg de moie gutt héiere beim Finanzminister Pierre Gramegna. Et hätt ee guer keng Zäit méi sot hien, mä et wéisst een emol nach guer net wouriwwer een eigentlech schwätze giff, d'Donnéeë feelen. D'Griiche wëllen aus dem aktuelle Programm eraus kommen, wat awer net sou séier méiglech wier.
An du war et d' Fro jo wat geschitt, wann näischt geschitt? An e Minister, dee krämpes jiddwer radikaalt Wuert evitéiert. D'Situatioun vun de Finanzen a Griichenland ass natierlech net gutt. Wéivill Reserven d'griichesch Zentralbank an d'Regierung hunn ass och net ganz kloer. Et wier awer evident dass et eng Affär vu Wochen, oder maximal Méint wäert sinn, bis se op Null sinn. Dofir wier ee jo och bereet zu all Moment mat de Griichen zesummen ze kommen fir eng Léisung ze fannen, sou nach de Pierre Gramegna.
Wien als Economist ganz dréchen op déi griichesch Situatioun kuckt, datt ass den Economist vun der Banque de Luxembourg, de Guy Wagner. Aktuell wier et schwiereg eng Zukunft fir Griichenland ze gesinn, wéi si sollen en durablen Opschwong kréien. Et wier einfach e Fait, dass dat Land iwwerverschold ass.... eng Schold déi se net bezuele kënnen! Dat weist jiddereen. Op der anerer Säit hu se keng Flexibilitéit wat d'Währung ugeet.
Als Auswee gesinn der jo vill de Grexodus, den Austrëtt vu Griichenland aus dem Euro. Och dat ass séier gefrot a net einfach ze man.
Wann dat natierlech géif envisagéiert ginn, dann ass unzehuelen, dass d'Drachmen nees géif agefouert ginn, eng Währung déi da ganz staark géif ofhuele géintiwwer dem Euro. Hir Scholde sinn awer an Euro, an da géif d'Scholdelaascht nach méi héich ginn, sou de Guy Wagner. Eng eventuell Sortie misst geplangt an ofgeschwat ginn, soss géif et zu engem Chaos kommen. De Guy Wagner ass der Meenung, dass de Scholdeschnëtt wuel wäert kommen, et misst ee just nach kucken a wéi enger Form. Sollt et zu engem Austrëtt kommen, géif een indirekt och anere Länner déi Dier opmaachen... well e Scholdeschnëtt, dat wier fir Spuenien, Portugal an Italien jo och net oninteressant. Wéi een et och mécht, iwwerall lauere Falen - - - an d' Politiker hunn nach genee eng Woch Zäit eng Léisung ze fannen.