Lëtzebuerger Konschthandwierker stellen am Grand Palais aus!
Nom Succès vun der "De Mains de Maîtres" Expositioun, déi vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel initiéiert gouf, gëtt et elo eng Suite zu Paräis!
D'Expo "Révélations" huet als But d'Promotioun vum Konschthandwierk, an dat an engem vun de prestigiéiste Kaderen: dem Grand Palais! A fir dës 3. Editioun kruten och Kënschtler aus Lëtzebuerg d'Geleeënheet do auszestellen.
Am Dezember 2016 hat déi Ierfgroussherzoglech Koppel jo am Siège vun der BCEE d'Expositioun "De Mains de Mâitres" initiéiert.
No hirem grousse Succès war et deemno dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie weiderhi wichteg hiert Engagement vis-à-vis vun de Lëtzebuerger Konschthandwierker weider ze féieren. Esou koum d'Iddi Lëtzebuerger beim wichtegste Rendez-vous an der Groussregioun an deem Beräich och z'integréieren
Bei dëser Editioun vun "Révélations" stelle 400 Kënschtler aus 11 verschidde Länner aus, dorënner dann och Lëtzebuerg, mat de Kënschtler: Feyrouz Ashoura, Tom Flick, Anne Claude Jeitz et Alain Calliste, Tine Krumhorn, Carine Mertes, Pascale Seil, Wouter van der Vlugt et Ellen van der Woude. Erwarrd ginn eng 45.000 Visiteuren iwwert déi 5 Deeg déi d'Expositioun dauert.
Um Freideg war dann och e Lëtzebuerger Owend zu Paräis a Präsenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an dem Premier- a Kulturminister Xavier Bettel.

Eng Equipe vun RTL Télé Lëtzebuerg war deen Dag och zu Paräis, a krut an deem Kader e ganz exklusiven Interview vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel. D'Biller vun der Expo, gesitt dir dann en Dënschdeg am Magazin, op RTL Télé Lëtzebuerg.

Schonn e Mëttwoch awer war d'Ierfgroussherzoglech Koppel zu Paräis fir de Vernissage vum Salon. Hei den offizielle Communiqué:
Inauguration du salon «Révélations» au Grand Palais à Paris avec présence luxembourgeoise (03.05.2017)
Communiqué par: ministère de la CultureLe 3 mai 2017 LL.AA.RR. le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière et le secrétaire d'État à la Culture, Guy Arendt, ont assisté à l'inauguration du salon «Révélations» au Grand Palais à Paris. Cette biennale accueille plus de 400 créateurs et le Luxembourg y est représenté pour la première fois dans le cadre de l'exposition internationale «Le Banquet».
LL.AA.RR. le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière et le secrétaire d'État à la Culture ont, entre autres, visité le stand luxembourgeois qui donne la possibilité à neuf artistes luxembourgeois d'exposer leur savoir-faire. Il s'agit notamment de Feyrouz Ashoura (styliste), Tom Flick (sculpteur sur pierre), Anne Claude Jeitz et Alain Calliste (verriers), Tine Krumhorn (créatrice de mobilier en carton), Carine Mertes (créatrice feutrière), Pascale Seil (souffleuse de verre), Wouter van der Vlugt (sculpteur), Ellen van der Woude (céramiste). La présence luxembourgeoise est organisée en coopération avec la Chambre des métiers et le commissaire de l'exposition «De Mains de Maîtres», Jean-Marc Dimanche. La délégation luxembourgeoise a aussi visité le stand du Chili, qui est le pays d'honneur du salon 2017.
Le 5 mai une soirée luxembourgeoise sera organisée au Balcon d'honneur du Grand Palais en présence de LL.AA.RR. le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière, du Premier ministre, ministre d'État, ministre de la Culture, Xavier Bettel, et de la secrétaire d'État à l'Économie, Francine Closener.
