Historesch Patek-Philippe-Auer gouf versteet
© AFP
Bei enger Auktioun zu Genf huet eng historesch Patek Philippe fir e rekordverdächtege Präis de Proprietär gewiesselt.
Zwee Deeg laang huet d'Auktioun gedauert, mä mat deem Rekordpräis hat do kee gerechent. 14,19 Millioune Franken - ëmgerechent 15,2 Milliounen Euro - huet eng Auer vum Hiersteller Patek Philippe erziilt a gehéiert domat elo zu der deierster Vintage-Auer vun där Mark, déi jeemools versteet gouf.
Et handelt sech ëm de Modell Perpetual Calendar Chronograph Ref. 1518 aus dem Joer 1943. Wat dëse Modell esou speziell mécht: et ass déi éischt serieméisseg produzéiert Auer mat engem éiwege Kalenner a Chronograph. Se kann deemno de Wochendag, den Datum an d'Moundphas uweisen a si muss souguer am Mount Februar, jee no Joer, och net ëmgestallt ginn. Et ginn am Ganze just 281 Exemplairen, dovun nëmme 4 aus Inox. Dëse Modell war esou eng.
Och wann d'Auktioun zwee Deeg gedauert hat, d'Auer war bannent just 9 Minutten an 28 Sekonne verkaaft. Fënnef Persounen haten drop gebueden. Em Enn krut de Bidder, dee per Telefon zougeschalt war, den Zouschlag.
© AFP