An dräi Kategorie sinn all Kéiers fënnef Bicher nominéiert an déi grouss Fro ass, wien huet do d'Nues vir?

"Literatur", "Sachbuch" a "Kanner- a Jugendbuch". Dat sinn déi dräi Haaptkategorien, an deenen en Donneschdeg den Owend de Buchpräis verdeelt gëtt. De Gewënner vun all Kategorie, dee vun der Jury bestëmmt gëtt, kritt e Geldpräis vun 1.000 Euro.

Um 19.00 Auer huet d'Zeremonie am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ugefaangen. Ma éier d'Gäscht am Sall an och d'Auteuren annoncéiert kruten, wie sech an all eenzeler Kategorie duerchsetze konnt, konnt een déi flott a faarweg Bün inspizéieren.

RTL

© Jérôme Jaminet

D'Gewënner vum Owend

Als Éischt gouf um Owend de Gewënner an der Kategorie "Sachbuch" bekannt ginn. Dee Präis ass un d'Inna Ganschow fir hiert Buch "Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr" gaangen. Kuerz drop war et dann d'Annonce, datt de Marc Weydert an d'Patty Thielen mat hirem Buch "Krixkrax" dat beschte "Kanner- a Jugendbuch" geschriwwen hues. An der Kategorie "Literatur" krut "geckegen Hunneg" vum Nico Helminger de Präis.

Beim Publikumspräis war de Public, dee bis de 7. November um Mëtternuecht ofstëmme konnt, just beim "Kanner- a Jugendbuch" der selwechter Meenung wéi de Jury. An der Kategorie Literatur war de Präis fir d'Buch "Vandalium" a bei de Sachbicher goung en un "Depart lass".

Nieft den dräi Haaptpräisser huet de Jury och nach den Design-Präis verginn. Deen ass un d'Anna Valentiny mam Buch "Hortus Alienum" (Point Nemo Publishing) gaangen.

Iwwerbléck vun all den Nominéierten

RTL

Literatur:

"Doswidanja, Genosse" Margret Steckel (capybarabooks)
"Vandalium" Tullio Forgiarini (éditions guy binsfeld)
"Geckegen Hunneg" Nico Helminger (éditions guy binsfeld)
"Hraun" Florent Toniello (Michikusa Publishing)
"Vergissmeinnicht" Guy Koenig (Op der Lay)

De Publikumspräis an der Kategorie "Literatur" geet un den Tullio Forgiarini.

Sachbuch:

"Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr" Inna Ganschow (capybarabooks)
"Garden Photography: The Art of the Ephemeral" Marianne Majerus (éditions guy binsfeld)
"Mon coeur dit oui, mais ma tête dit non" Paul Schmit (éditions guy binsfeld)
"Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen" Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld) 
"Focus on Women in Jazz" Guy Fonck (éditions Schortgen)

De Publikumspräis an der Kategorie "Sachbuch" geet un de Keong-A-Song, d'Marie Mathieu an d'Sabrina Notka.

Kanner- a Jugendbuch:

"10 mystères à résoudre" Pierre Decock (crime.lu) 
"Deux lits chez Billie" Etienne Duval (éditions guy binsfeld) 
"Am Päiperlécksgaart" Viviane Daman (éditions Phi)
"d'Sasha an de Flint retten d'Kinnigin" Sandra Martins (éditions Schortgen)
"KrixKrax" Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions)

De Publikumspräis an der Kategorie "Kanner- a Jugendbuch" geet un de Marc Weydert an d'Patty Thielen.

Wie war am Jury?

D'Jury, déi all Joer nei forméiert gëtt, setzt sech dëst Joer zesummen aus dem Jérôme Jaminet (Literaturkritiker), der Claudine Muno (Autorin), der Claudine Butterworth (Libraire), der Rachel Hoffman (Studio Abricot) an der Solange Häusler (CNL)