Vum 20. bis de 23. November stelle 67 Lëtzebuerger Kënschtler hir Wierker op der Biennale "De Mains de Maîtres" aus, déi dëst Joer an der Avenue de la Liberté an der Stad ass.

Dëst Event, dat all zwee Joer organiséiert gëtt, setzt d'Konschthandwierk an domadder déi kreativ Diversitéit vun eisen Artisten an de Fokus.

Am Reportage vun e Mëttwoch gi mir op Déifferdeng, fir déi faarweg Welt vum Lea Schroeder ze entdecken. Dës Lëtzebuerger Kënschtlerin schaaft virun allem Keramik-Wierker, mee awer och Seide Foularden.