D‘Strategie am Ëmgang mat kënschtlecher Intelligenz stoung am Mëttelpunkt vun den themateschen Assisë vum Kulturministère.

Am Creative Hub 1535 zu Déifferdeng, ware vill Kënschtler an Acteuren aus de Beräicher Innovatioun a Kreativwirtschaft zesumme komm, fir iwwer d’Chancen an d’Erausfuerderunge vun der KI fir de Kultursecteur ze diskutéieren.

„Déi Kënschtlech Intelligenz ass keng Science-Fiction, ma scho Realitéit a si stellt eis Wäerter, eis Authentizitéit an eist Verhältnis zum Schafen a Fro.“ Mat ënnert anerem dëse Wierder hat de Kulturminister Eric Thill d‘Assisen zum Thema KI a Kultur lancéiert. Am Fokus stoung den Austausch iwwer d’Efforten, déi nach musse gemaach ginn, fir dass d‘KI ethesch vertrietbar, verantwortungsvoll a sécher kann agesat ginn.

“Opportunitéite benotzen “Jo”, fir déi, déi se wëlle benotzen. Mir kënnen eis do net verschléissen, mä et ass awer och politesch an eiser Verantwortung, fir do kloer Reegelen opzesetzen, och ethesch Froen ze klären an dat ass dat wat mir haut thematiséieren. Wuel wëssend, dass ech ganz kloer der Meenung sinn, dass déi positiv Aspekter iwwerweien an dass mir och hei zu Lëtzebuerg [...] net laanscht d’KI kommen”, sou de Kulturminister.

D’Zilsetzung misst et si fir eng Balance tëscht Mënsch a KI ze halen an dofir brauch et Grenzen, déi am beschte schonn an der Schoul ufänken. Kanner mussen ausgebilt gi fir kritesch ze hannerfroen, mengt och de Multimedia- Kënschtler Filip Markiewicz, deen a senger Konscht scho laang mat KI-Tools spillt.
Fir zu engem gudden a sécheren Ëmgang mat der Kënschtlecher Intelligenz ze kommen, brauch et eng Approche, déi d’Transparenz an domadder och d’Vertrauen an de Mëttelpunkt vun der kultureller Innovatioun stellt.

Fir de Moment bleiwe vill Iddien éischter theoretesch, ma Mëtt nächst Joer sollen, sou de Kulturminister, da konkret Aktiounspläng a Léisungsusätz um Dësch leien. D’Zil ass awer ganz kloer: “Am Zentrum vun der Kultur soll de Mënsch bleiwen. D’Kënschtlech Intelligenz soll de kulturellen Ausdrock erweideren, net ersetzen."