Den 12. November goufen dem Pierre Bauler, Joergang 1937, seng Erënnerungen u seng Kandheet am Zweete Weltkrich am MNHM virgestallt.

Dat neit Buch ass am August erauskomm a beschreift d’Liewen ënner der däitscher Besatzung, d’Liberatioun duerch d’Amerikaner an déi dramatesch Flucht vun der Famill Bauler-Greisen vu Gilsdref iwwer Dikrech an d’Stad wärend der Ardennenoffensiv. 
 
D’Historiker Benoit Niederkorn a Philippe Victor hunn d’Buch an de regionalen, respektiv mikro-historesche Kontext gesat, an d’Erzielung vum Pierre Bauler als séier intressant Zäitdokument qualifizéiert. Leider gëtt et ëmmer manner Zäitzeien, a grad dofir steet och dëst Dokument stellvertriedend fir dat, wat vill Kanner a Jugendlecher wärend dem Krich erlieft an erlidden hunn.

Uschléissend huet dem Pierre Bauler säi Jong André eng Rei Auszich aus sengem Papp sengem geschriwwenen Temoignage virgelies.