De Lëtzebuerger Museker Andrea Galleti vu Beetebuerg steet dës Saison op der Bün vun "The Voice of Germany".

Mat sengem Wëllen, de Public mat senger Stëmm ze beréieren a soumat e weideren Héichpunkt a senger Musekskarriär ze feieren, ass hien elo scho bis an d'Team-Fights komm. E Freideg den Owend kann een op SAT1 um 20.15 Auer gesinn, wéi et fir hie virugeet.

A senger Karriär huet den Andrea Galleti geléiert, datt et an der Musek net nëmmen ëm Talent geet, dofir ass hien a seng Band One Last Time vill op Social Media aktiv a probéiere sou, sech eng grouss Fanbase opzebauen. De Museker huet sech uganks an de Blind-Auditions a rezent nach an de Battles duerchgesat, an ass elo an der nächster Ronn vun der däitscher Castingshow. Seng Performance vu „Rolling in the Deep“ vun Adele huet him eng Plaz am Team vum Rea Garvey geséchert. Als grousse Fan vu Reamonn war fir hie ganz séier kloer, datt hie wëllt an d’Team Rea.

Fir den Optrëtt e Freideg den Owend wäert den Andrea keng Gittar mat op der Bün dobäi hunn, méi iwwert säin Optrëtt wollt hien am RTL-Interview net verroden. Lauschtert hei de ganzen Interview mam Andrea Galleti e Méindeg den Owend an der Emissioun “Am Takt” um Radio.

Andrea Galleti am Interview bei "Am Takt" (10.11.25)

Nieft der Show bleift den Andrea awer och mat senger Band aktiv. Den 29. November hu si zu Köln en Optrëtt.