D'US-amerikanesch Pop-Rock-Band huet op hirem Internetsite annoncéiert, datt si den 23. Juni 2026 e Concert zu Lëtzebuerg spillen.

RTL-Informatiounen no wäert de Concert vu OneRepublic warscheinlech am Kader vun de Festivitéiten ëm Nationalfeierdag an der Stad organiséiert ginn.

Den 22. an 23. Juni ass traditionell de "City Sounds"-Festival um Glacis an der Stad. Den 22. Juni trieden international DJ'en op an den 23. Juni ginn et Concerte vu verschiddene Bands. D'Concerte si gratis fir de Public.

OneRepublic ware schonn e puer Mol fir Concerten am Grand-Duché. Ënnert anerem ware si 2008 um Terres Rouges Festival dobäi an hunn 2013 an 2022 an der Rockhal gespillt.