Op der 7. Editioun vu Game On, dëse Weekend am Kulturzentrum zu Bouneweg, dréint sech alles ëm d'Welt vun de Spiller.

Organiséiert gëtt d'Evenement vun de Rotonden an Zesummenaarbecht mat enger Rei Acteure, wéi zum Beispill der a.s.b.l. Game On, der Spillfabrik oder Social Gaming Luxembourg. Wéinst Aarbechten an de Rotonde kann et dëst Joer net op gewinnter Platz stattfannen a plënnert dofir kuerzzäiteg an de Kulturzentrum vu Bouneweg.

D'Aktivitéite ginn doduerch awer net ageschränkt.

Game On ass déi Platz fir all passionéierte Gamer. Egal op Videospiller oder Gesellschaftsspiller, al oder nei, dëse Weekend kann een eng Villzuel u verschiddene Spiller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun entdeckenn, bei Atelieren an Tournoie matmaachen a sech mat anere Spillfanatiker miessen.

Den Entrée ass de ganze Weekend gratis, ausser fir verschidden extra Aktivitéiten.

Nieft der Méiglechkeet Spiller ze teste bitt Game On och nach e grousse Kaderprogramm un. Esou gëtt Samschdegowes zum Beispill e Pub Quiz zum Thema organiséiert, e Workshop an deem ee selwer e Spill entwéckele kann, oder eng Konferenz iwwert d'Roll a Geschicht vu Videospiller, bei där een dann och eng éischt Demoversioun vum Spill "6 Weeks" teste kann.

Sonndes geet et änlech weider, dat mat engem Escape Spill iwwer éischt Hëllef. De ganze Programm fannt dir um Site vun de Rotonden.