Wet Leg begeeschteren an der Rockhal










































Déi brittesch Indie-Rock-Band Wet Leg war en Dënschdegowend fir e Concert am Grand-Duché an der Rockhal. Ma net just den Haapt-Act, och d'Virgrupp mat Lien zu Lëtzebuerg huet fir Iwwerraschungen, Energie a Bünepresenz vum feinste gesuergt.
Ech muss zouginn, datt et net dacks virkënnt, datt ech praktesch genee sou begeeschtert sinn, fir eng Virgrupp ze gesinn, wéi fir de Main-Act. Wou d’Rockhal bis annoncéiert huet, datt Faux Real viru Wet Leg op der Bün géif stoen, war d’Virfreed, fir de Concert um Dënschdegowend um Belval awer nach eemol e Krack méi héich.
E gelongen Optakt, deen de Publikum waarm gestëmmt huet
De Virgril an Elliott Arndt sinn zu Lëtzebuerg opgewuess, ier se international Carrière gemaach hunn. D’Bridder, déi ënnert dem Numm "Faux Real" optrieden, stoungen ënnert anerem fir den Trounwiessel op der Bün um Glacis, hunn awer och schonn x Mol virdrun de Publikum, zum Beispill am Gudde Wëllen oder an de Rotondes, mat hirer Musek a virun allem Performance begeeschtert. Anescht sollt et och net an der Rockhal sinn. Mat hirer eenzegaarteger Mëschung tëscht Performance-Konscht, funky Beweegungen an theatralescher Pop-Musek waren d’Leit direkt gefesselt. Déi zwee Museker hu sech wéi gewinnt synchron iwwert d’Bün beweegt wéi wann se Dänzer, Sänger a Schauspiller gläichzäiteg wieren. Zäitweis si se vun der Stage an de Public gaangen an hunn d'Leit matgerappt an zum Danzen a Dange bruecht. Och wann et sécherlech net jidderengem säint war, den Applaus um Schluss huet gewisen, datt Faux Real definitiv Androck hannerlooss huet.
Wet Leg brénge brittesch "Coolness" an d’Rockhal
Zanter hirem Debutalbum 2022 gehéiert Wet Leg zu de spannendste britteschen Indie-Gruppen an dat hu se och an der Rockhal bewisen. Vun der éischter Sekonn un huet d’Band kloer gemaach, dartt se wëlle live iwwerzeegen an dat hu se och. Wärend Wet Leg ufanks en Duo vum Rhian Teasdale am Hester Chambers war, sinn zanter leschtem Joer dräi weider Museker mat an der Formatioun dobäi, an zesumme verbannen se Texter mat enger helle Wull u Humor, klore Sounds an enger Energie, déi ustiechend ass. Bei Klassiker wéi "Wet Dream" oder "Chaise Longue" huet de Publikum matgesongen a -gebrëllt.
D’Band huet gewisen, datt si net just am Studio, mee och Live iwwerzeegen a jiddereen, deen en Dënschdeg net um Concert an der Rockhal dobäi war, ka just hoffen, datt d’brittesch Band de Wee nach eemol zréck an de Grand-Duché fënnt.