De Präis ass fir hiert Buch "Larven" a gëtt en Dënschdeg den Owend zu Miersch iwwerreecht.

Et ass dee wichtegste Literaturpräis zu Lëtzebuerg: all Joer gëtt mam Servais-Präis dat bescht Buch aus dem leschte Joer ausgezeechent. Ënnert de Laureaten sinn eng ganz Rëtsch bekannte Nimm : Roger Manderscheid, Pol Greisch, Guy Rewenig, Jean Portante, Anise Koltz, fir der just e puer ze nennen. Dëst Joer ass en neien Numm dobäikomm, dee vun der Nora Wagener.

Sou richteg gegleeft huet déi jonk Schrëftstellerin et net, wéi se am Mee gewuer ginn ass, datt si de Servais-Präis fir hiert Buch "Larven" géing kréien.

Schreiwen war schonn ëmmer en Thema fir d'Nora Wagener. Och an der Schoul a si huet sech fir hiert Studium och an déi Richtung orientéiert an an Däitschland "Kreatives Schreiben und Kulturjournalismus" studéiert. Si lieft als fräischaffend Autorin zu Lëtzebuerg.

2011 koum hiren éischte Roman "Menschenliebe und Vogel, schrei" eraus, 2015 d'Theaterstéck "Visions" an d'Kuerzgeschichten "E. Galaxien". An 2016 huet si, zesumme mam Luc Caregari, d'Kannerbuch "D'Gühschwéngchen" erausbruecht.

"Larven" ass e Buch mat Kuerzgeschichten, dat 2016 bei den Editions Hydre publicéiert ginn ass.

D’Bea Kneip mat engem Portrait vun der Laureatin

AUDIO: Portrait vum Nora Wagener
Extrait Nora Wagener
...