Am Kader vun der 18. Editioun vum Cineast Film Festival kann een den Ament eng Fotosausstellung an der Cloître vun der Abtei Neimënster gesinn.

D’Expo weist eng sëlleg Fotoen zum Thema Stéierungen an der Gesellschaft, dohier den Titel Disruptions.

D’Technologië vun haut entwéckelen sech rapid. D’Geforen, déi dës mat sech droen, bezéie sech net just op falsch Noriichten, ma och de mënschleche Kontakt ka verluer goen. An der Foto Expo Disruptions weise véier Projete vun ënnerschiddlechen Artisten op hir eege Manéier, wéi Technologien d’Mënschheet veränneren.

Grouss Logistikzentere kreéieren eng onendlech wierkend Landschaft gezeechent duerch Stëbs, Bëtong a Container. Se gläichen engem Labyrinth an deem de Mënsch sech gäre mol verléiert. Ma net nëmmen Automatiséierunge suergen dofir, datt mer an enger eideler Welt liewen. D’kënschtlech Intelligenz, déi sech den Ament séier weiderentwéckelt, bréngt och gewësse Changementer mat sech.

De Jonas Bendiksen mécht Fotoe vu Landschaften an integréiert Mënschen an Déiere mat Hëllef vun der KI. Seng Landschafte weisen en Duerf am Norde vu Mazedonien, dat bekannt ginn ass duerch d’Produzéiere vu Fake News. Op dës Manéier test hien d’Limitte vun der KI. D’Kënschtlerin Catherine Balet huet sech am Géigesaz mat eisen alldeeglechen Technologien, wéi dem Handy oder Laptop ausernee gesat.

Déi véier verschidden Artiste weisen also an der Expo Disruptions drop hin, wéi de Mënsch lues a lues an den Hannergrond réckt a verschwënnt. Wéi also genau eng Welt ouni Persounen, oder just nach beliicht duerch Ecranen ausgesäit, gesäit een nach bis de Samschdeg an der Cloître vun der Abtei Neimënster.

D’Filmer vum Cineast Festival sinn nach bis e Sonndeg an de Kinoen uechter d’Land ze gesinn.