Dës fënnef Lëtzebuerger Traditiounen sinn elo immateriellt Kulturierwen
Fir den Internationalen Dag vum immaterielle Kulturierwen huet de Kulturministère dës fënnef Lëtzebuerger Traditiounen an den nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen opgeholl.
D’Zeremonie war a Presenz vun de Gruppen, Veräiner oder Dierfer, déi dës Traditiounen nach bis haut lieweg halen.
Et geet drëms, Traditiounen z‘erhalen an u spéider Generatioune weiderzeginn. "Immateriell Kulturierwen" si Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derbäi gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschier an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Wat als immateriellt Kulturierwen opgeholl gëtt, leit net just an den Hänn vum Kulturminister, wéi den Eric Thill erkläert.
"Dat ass eng Iddi vum Terrain, dat heescht dat ass esou am Gesetz virgesinn, dass Leit vum Terrain, déi wou dës Traditiounen um Terrain liewen, eng Demande kenne stellen um Kulturministère, well se mengen, dass dat eng flott Traditioun, ee Brauch ass, deen een hei zu Lëtzebuerg muss valoriséieren an doropshi ginn déi Iddie bei eis an der COPAC – eng Kommissioun, déi sech spezifesch ënnert anerem em de Patrimoine immaterielle këmmert – gëtt do een Avis geholl, do ginn et verschidde Critèren, an duerno ass et dann um Kulturminister, u mir, den Accord ze ginn."
Der Unesco, d’UNO-Organisatioun fir Bildung, Wëssenschaft a Kultur no, ginn et e ganz präzis Krittären, fir datt eppes als immateriellt Kulturierwe ka bezeechent ginn.
"Se musse fir jiddereen zougänglech sinn, se mussen eng Relatioun mam Land hunn, fir eeben déi Relatioun, dat Zesummeliewen, och déi traditionell Wäerter vun engem Land kennen ze representéieren. Déi Critèrë mussen an deem Sënn erfëllt ginn op där enger Säit, an duerno ass et dann un der Kommissioun fir en Avis ofzeginn."
Kënnbakestee, d‘Bongerten a Liichte goen si villäicht de meeschte Leit ee Begrëff. Virun allem, well se hautdesdaags nach dacks an de Gemengen, Veräiner oder Familljen weidergefouert ginn. Louschläissen ass dogéint eng kulturhistoresch Bewirtschaftungsform, erkläert de Serge Hermes, Fieschter bei der Naturverwaltung, mat där d‘Leit fréier hier Suen verdéngt hunn.
"Wou et virun allem drëm goung fir d‘Lou, also d‘Eecheschuel ze notzen, well an der Lou an der Eecheschuel ass ee Gärstoff "Tannin" dran, dee genotzt ginn ass, fir d‘Haut vun den Déieren durabel ze maachen, fir dass een duerno ka Lieder doraus produzéieren."
"Fäsche maachen" gehéiert och zu deene méi ale Bräich, deen awer haut nach an der Thillenvogtei praktizéiert gëtt. Den Andrée Kirsch vum Musée kennt sech domat aus.
"Dat ass am Fong, dass een an de Bësch geet, et sammelt een dat klengt Holz, also d‘Äscht vun de Beem an, et schneit een se op d‘Längt, se ginn zu Botten zesummegebonne, mat engem Gestell, de Fäschebock, dat gëtt da gedréchent a wann dat Holz dréchen ass, ass et fir een historesche Bakuewen, en Holzuewen eeben ze befeieren."
Kennbakestee, Fäsche maachen, Louschläissen, d‘Kultur vun de Bongerten a Liichte goe réie sech an eng Lëscht vu villen aneren immaterielle Kulturierwen an, wéi ënnert anerem d‘Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch, d‘Iechternacher Sprangpressessioun oder och nach d‘Eemaischen.
Eng genee Iwwersiicht vun den immaterielle Kulturierwe fënnt een am Iki-Inventaire, op iki.lu, den offiziellen nationale Regëster vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg. De Site dokumentéiert a vermëttelt déi lieweg Traditiounen, Bräich a Wëssensformen an eisem Land.