Deen 41. Album bréngt d'Gallier a Portugal
© ASTERIX® OBELIX® IDEFIX® / © 2025 HACHETTE LIVRE / GOSCINNY – UDERZO
Den 23. Oktober 2025 ass deen Dag op deem weltwäit 5 Milliounen Exemplairen an 19 verschiddene Sprooche vun deem neien Astérix erauskommen.
Déi 41. Aventure bréngt den Astérix, den Obélix an den Idéfix a Lusitanien. Esou huet zur Zäit vun de Réimer déi Regioun geheescht, déi haut Portugal ass.
An och wann et déi éischt Visitt an deem Land fir d'Gallier ass, esou gouf et schonn Optrëtter vu Lusitaner virdrun. Am "Astérix et la Transitalique" waren der zwee dran, a virun allem als Sklaven, déi um Bau vum "Domaine des Dieux" geschafft hunn, sinn si scho vum René Goscinny an Albert Uderzo an d'Zeen gesat ginn.
Ee vun de Personnagen aus deem "Domaine des Dieux" Album kënnt nees bei d'Gallier an d'Duerf, a freet si ëm Hëllef. Well d'Réimer ee vu senge beschte Frënn gefaangen an agespaart hunn. A si sollen elo hëllefen hien ze befreien. Wat déi sech natierlech net entgoe loossen, wou si esou dach e puer Réimer zerklappe kënnen an eng aner Kultur kenne léieren.
De Fabcaro, fir deen dat hei deen zweeten Album ass, deen hie geschriwwen huet, proposéiert eng Rees an déi portugisesch Kultur. Mat Fado, Vinho Verde a Bacalhau, mä och mat der typescher Architektur.
An esou wéi de René Goscinny dat an der Zäit gemaach huet, respektiv den Alain Chabat et am Film an am Zeechentrickfilm mécht, baut och hien Uspillungen op déi haiteg Welt mat an, a mécht domat iwwert d'Gallier de Geck. Zum Beispill wa si sech identifizéiere mussen, an dofir ee séchert Wuert musse benotzen. Besser kann een de Geck net mat de Passwierder an de Sécherheetsvirschrëften do ronderëm maachen.
Et gëtt alles, wat ee gudden Astérix Album brauch: Vill Wuertspiller, déi zum Deel net ze iwwersetze sinn, a wou d'Iwwersetzer sech dann eppes anescht mussen afale loossen. Mä och witzeg Situatiounen. An natierlech kréien d'Réimer nees Streech an um Enn gëtt et ee grousse Banquet. Op et do Wëllschwäi gëtt, oder awer lusitanesch Spezialitéiten, gitt Dir gewuer, wann Dir deen neien Album liest.