Lëtzebuerger Regierung ass géint en Ausschloss vun Israel

© afp
D'Lëtzebuerger Regierung bedeelegt sech u kengen Spekulatiounen iwwer d'Intentioune vun Israel, fir um Eurovision Song Contest deelzehuelen.
Et gi jo Stëmmen, déi mengen, datt Israel eng Participatioun kéint als Plattform vu Wäisswäschen an kultureller Normaliséierung benotzen, sou seet et op d'mannst den LSAP-Deputéierte Ben Polidori an enger parlamentarescher Fro.
Den Deputéierte wëll wëssen, ob d'Lëtzebuerger Regierung fir en Ausschloss vun Israel um ESC ass. "Nee" äntweren d'Ministere Bettel, Thill a Margue a verweisen drop, datt den ESC en internationale Museksconcours ass, deen de Respekt an d'Oppenheet tëscht de Länner a Participantë soll promouvéieren.
Duerfir misst eng kloer Trennung tëscht de geopolitesche Spannungen an der Kultur gemaach ginn. D'Ministere si sech eens: d'Organisatioun vum ESC an der Lëtzebuerger Participatioun geet wéi geplangt weider an RTL Lëtzebuerg gëtt als Member vun der UER, dem Organisateur vum ESC, weider iwwer all Decisiounen an d'Bild gesat.
Den 70. ESC ass d'nächst Joer Mëtt Mee zu Wien geplangt.
Länner wéi Spuenien, Irland, Island, Slowenien oder och Holland hunn annoncéiert, de Museksconcours ze boykottéierten, wann Israel sollt optriede gelooss ginn.