LIVESTREAMGrand-Duc Jean, säi Liewen, seng Aufgab, säi Wee

Zesumme mat Zäitzeien, Historiker a Spezialisten ass eng aussergewéinlech Biographie entstanen. De groussen Documentaire elo op RTL.

Jean, de groussen Documentaire (24.10.2014)
E Sonndeg, 2. November um 18.30 Auer
De ganze Film gëtt e Sonndegowend an 2 Deeler op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. Deel 1 um 18.30 Auer an Deel 2 um 20.15 Auer. Um 22.00 Auer da gëtt de Film nach emol ganz gewisen.

Eng weider Rediffusioun ass e Méindegowend 3. November um 20.00 Auer um 2ten RTL.

De 5. November kënnt dann och d'Buch vum Stéphane Bern eraus, zu deem natierlech och d'DVD vum Film gehéiert.

E Mëttwochowend 29. Oktober war déi grouss Avant-Première zu Diddeleng am CinéStartlight mat ville prominente Gäscht, dorënner de Grand-Duc Henri, de Prënz Guillaume, d'Kulturministesch Maggy Nagel oder nach den Alex Bodry.

FOTOGALERIE

Jean, Grand-Duc vu Lëtzebuerg, säi Liewen, seng Aufgab, säi Wee


Déi meeschte Lëtzebuerger kennen de Grand-Duc Jean vun der Televisioun an aus der Zeitung, oder hunn als Schüler eng Rei Joeren a Klassesäll mat enger Vue op säi Portrait verbruecht.

Wéineg Lëtzebuerger kënnen awer behaapten, dass si de Grand-Duc Jean géife kennen, wat erstaunlech ass fir eng Perséinlechkeet, déi vun 1964 bis 2000 Staatschef vun engem klenge Land wéi Lëtzebuerg wor.

Nach méi erstaunlech ass, dass vill Lëtzebuerger och net vill iwwert d’Liewe vun hirem Grand-Duc wëssen, Schued wann ee kuckt wéi vill de Grand-Duc Jean a sengem aktive Liewen erlieft huet.

De Grand-Duc Jean wor ëmmer een diskrete Monarch, hien huet bis haut ni vill an der Ëffentlechkeet geschwat, a wann iwwerhaapt, da ganz seelen iwwert sech selwer.

Haut, 50 Joer nom Trounwiessel, dem Ufank vum Règne vum Grand-Duc Jean, ass de Moment do fir zréck ze blécken. Et war keng einfach Aufgab fir d‘Equipe vun RTL, well och vill Leit aus sengem Entourage déi enorm Diskretioun respektéieren, an net iwwert de Grand-Duc Jean wëlle schwätzen.

De Grand-Duc Jean selwer huet der RTL-Equipe et dunn awer erlaabt, hien zu Fëschbech ze besichen, domat huet hien implizit ee wichtegen Impuls fir de Projet ginn.

Fir de Film ze realiséieren, hunn de Jacques van Luijk an de Misch Bervard iwwer en Zäitraum vu bal engem Joer honnerte Stonnen Archiv-Material visionéiert an eng ganz Rei Interviewe realiséiert mat Historiker an Zäitzeien, dem Grand-Duc Henri an dem Ierfgroussherzog Guillaume.

De Film beschreift de Grand-Duc Jean als Mënsch: d’Zäit an där hie gebuer gouf, seng Kandheet, seng Famill, seng Educatioun an déi dramatesch Evenementer vum zweete Weltkrich, déi hie staark beaflosst hunn an hie vläit zu där Perséinlechkeet gemaach hunn, déi hie bis haut bliwwen ass. 

De Film beliicht déi wichteg Aspekter vu sengem Liewen, als Staatschef, deen eist Land an de wichtege Joeren vun Entwécklung a Fortschrëtt begleet huet, als Familljechef mat de Bezéiungen zu senge Kanner a senger Fra, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, mä och seng perséinlech Interesse wéi de Scoutismus, de Sport an d’Natur hunn hir Plaz am Documentaire.

D’Auteure hunn en eemolegen Zougang zu de Privat-Archive vun der Groussherzoglecher Famill kritt a konnten esou nach ni gewise Biller a Fotoen an de Film abauen, déi de Grand-Duc Jean mat senger Famill privat weisen, op Plaze wou normalerweis keng Kamera hikënnt.

D’Zil vun der RTL-Equipe war et, een nuancéiert an objektiivt Bild vun eisem fréiere Staatschef ze zeechnen, ënnermauert mat Fakten an Analyse vun Zäitzeien an Experten.

Eraus koum 2 Stonne laangen Documentaire mat villen Zäitdokumenter, informativ an emotional zugläich, eng Biographie vun engem grousse Monarch, dem Grand-Duc Jean, deen haut nach, mat 93 Joer, eng héich Beléiftheet bei de Lëtzebuerger genéisst. 

Jean, de groussen Documentaire (24.10.2014)
E Sonndeg, 2. November um 18.30 Auer


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.