
All Kéier fënnef Bicher an de Kategorie "Literatur", "Sachbuch" a "Kanner- a Jugendbuch" goufe selektionéiert
Dass zwee Poesie-Bänn et an der Kategorie Literatur op d’Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis gepaakt hunn, ass eng flott Iwwerraschung! Dem Nico Helminger säi "Geckegen Hunneg" weist, wat Lyrik kann - och op Lëtzebuergesch. An dem Florent Toniello seng "poésie en prose", fir déi hien d’Inspiratioun op enger Rees an Island fonnt huet, bestécht och duerch d’Fotoe vum Thomas Fleckenstein. "Hraun" (sou den Titel) ass iwwregens dat islännescht Wuert fir "Lava".
Och en Theatertext ass dës Kéier dobäi. "Vandalium" vum Tullio Forgiarini behandelt d’Thema vun der Gewalt ënner Jugendlechen.
"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig huet als Ënnertitel "Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno". E mysteriéise Mordfall am Joer 1969 féiert zeréck an d’Zäit vum zweete Weltkrich.
Mat "Doswidanja Genosse" ass d’Buchpräis-Gewënnerin vum leschte Joer Margret Steckel nees op der Shortlëscht mat dobäi. Eng kuerz, awer ëmsou méi intensiv Erzielung, déi op enger realer Geschicht baséiert.
D'Titele vun der Shortlëscht am Iwwerbléck:
Literatur:
"Doswidanja, Genosse" Margret Steckel (capybarabooks)
"Vandalium" Tullio Forgiarini (éditions guy binsfeld)
"Geckegen Hunneg" Nico Helminger (éditions guy binsfeld)
"Hraun" Florent Toniello (Michikusa Publishing)
"Vergissmeinnicht" Guy Koenig (Op der Lay)
Sachbuch:
"Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr" Inna Ganschow (capybarabooks)
"Garden Photography: The Art of the Ephemeral" Marianne Majerus (éditions guy binsfeld)
"Mon coeur dit oui, mais ma tête dit non" Paul Schmit (éditions guy binsfeld)
"Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen" Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld)
"Focus on Women in Jazz" Guy Fonck (éditions Schortgen)
Kanner a Jugendbuch:
"10 mystères à résoudre" Pierre Decock (crime.lu)
"Deux lits chez Billie" Etienne Duval (éditions guy binsfeld)
"Am Päiperlécksgaart" Viviane Daman (éditions Phi)
"d'Sasha an de Flint retten d'Kinnigin" Sandra Martins (éditions Schortgen)
"KrixKrax" Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions)
Aus der Shortlëscht sicht d'Jury dann elo an all Kategorie e Gewënnertitel eraus dee bei enger Zeremonie den 13. November (am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg) bekannt gemaach gëtt. Déi dräi Haaptpräisser sinn all Kéiers mat 1.000€ dotéiert.
Dernieft huet d'Jury och d'Méiglechkeet, en Designpräis ze verginn.
D'Jury, déi all Joer nei forméiert gëtt, setzt sech dëst Joer zesummen aus dem Jérôme Jaminet (Literaturkritiker), der Claudine Muno (Autorin), der Claudine Butterworth (Libraire), der Rachel Hoffman (Studio Abricot) an der Solange Häusler (CNL)
Mä och de Public kann e Wiertche matschwätzen: an all Kategorie kann ee fir säi Favorit ofstëmmen, dat vum Donneschdeg den 23. Oktober un bis de Freideg 7. November um Mëtternuecht.