Minister wëll handelen nom EU-Verdikt géint Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet näischt gemeet, fir en abusive Gebrauch vun den CDDe fir d'Intermittents du spectatcle ze verhënneren.
De Verdikt vun der europäescher Cour war virun engem Mount gefall.
Dee Sujet gouf och an der Chamberkommissioun fir Aarbecht a Beschäftegung opgeworf, wou et de Serge Ubany vun Déi Lénk war, deen den Aarbechtsminister iwwert d'Problematik interpelléiert huet. Et kéint een den Ament een Intermittent astellen, dee guer kee wier, fir an der Grousser Vakanz auszehëllefen. Et misst mam Kulturministère gekuckt ginn, wat ee konkret misst un den Texter änneren.
Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit ass sech bewosst, datt nom Uerteel vun der europäescher Cour muss gehandelt ginn. Mä dat geet net vun haut op muer. Am Viséier jo och, datt een CDD net méi wéi zweemol ka verlängert ginn. Et misst ee kucken, wéi een dat ka juristesch regelen.
D'EU-Kommissioun huet hir eege Vue vun der Saach a war net der Meenung, datt d'Lëtzebuerger Gesetzer en abusive Gebrauch vun CDDe géife verhënneren: duerfir war och zejoert am Mee e „Recours en manquement“ géint de Grand-Duché eragereecht ginn.