“Ech komme méi no un de komplette Sänger erun”
Vum 25. September u leeft déi 15. Editioun vun The Voice of Germany. Den Andrea Galleti, Sänger vu One Last Time, trëtt un.
Et kennt een hien aus senge Bands, virun allem mat One Last Time, déi bei den zwou Editioune vum Luxembourg Song Contest fir den ESC ugetrueden ass. Rezent huet hien op de soziale Medien annoncéiert, dass hie bei der 15. Editioun vun The Voice of Germany dobäi ass.
Konkret heescht dat, dass hien et duerch d’Preselektioun gepackt huet, bis an d’Blind Auditions. Dës sinn déi éischt ëffentlech Etapp bei The Voice: Hei trieden d’Sänger eng éischte Kéier op der Bün op, d’Jury gesäit se awer net, a jugéiert se nëmmen op Basis vun hirer Stëmm. D'Kandidate kommen an déi nächst Ronn, wann op d’mannst ee Member vun der Jury 'buzzert'. A grad dësen Aspekt ass eppes, wat den Andrea Galleti ugelackelt huet: “Ech als Musiker identifizéiere mech fir d’éischt als Sänger, dann als Performer, dann als Songwriter, an dann eréischt als Gittarist. Bei The Voice ass et wierklech, wéi den Titel et scho seet, d’Stëmm. An dat huet mech wierklech gereizt, well do wierklech krass Talenter sinn.”

Aktuell schafft hien u sengem Album, fir sech weiderhin als Solokënschtler z’etabléieren. Säin éischt Lidd, One Step Closer, huet hie scho verëffentlecht. An der Band treffe 5 Meenungen openeen, grad seng Solo-Musek ass dofir e Moyen, sech op déi Manéier auszedrécken, wéi hie wëll. D’Produktioun vu senge Lidder mécht hie mam Jonathan Fersino, Bassist vu One Last Time, a Produzent.
Schonn zanter senger Kandheet mécht hie Musek, huet och bei Concoursen deelgeholl, ënnert anerem dem Microfono d'Oro, wou och de Kiko Menichetti participéiert huet, de Sänger vun der Lëtzebuerger Band Zero Point Five. Hien zielt: “Du ware mer an der Vakanz op der Päischtcroisière matgaang, do war de Fausti, dee mech op enger Mini Playback-Show entdeckt huet. ‘Entdeckt’ ass e grousst Wuert, mee en huet du gesinn, dass ech awer sangen. Well all déi aner wollte Playback sangen. An ech wollt awer live sangen, well ech hu mer geduecht, ech kléngen net wéi en Eros Ramazotti. Dat gleewen d’Leit jo net.”
Wéi dem Andrea seng Blind Audition ausgaangen ass, ass nach net bekannt, genee esou wéi d’Reaktioune vun der Jury. Wéini dem Andrea säin Optrëtt gewise gëtt, ass och nach net gewosst, dofir heescht et, gespaant bleiwen.
Mat der Eugénie Moine an der Luciana Silva sinn nach zwou weider Lëtzebuergerinne bei de Blind Auditions vun The Voice of Germany dobäi.