De Freides-Invité vum 29. MeeJoël Seiller

Datt de Maquillage an d'Coiffure bei Theater a Film sëtzen, dofir suerge flénk Hänn hannert de Kulissen. De Joël Seiller huet esou flénk Hänn.

Radio - Freides-Invité: Joël Seiller (29.05.2015)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Déi beschten Theaterproduktioun, dee beschte Film kann net gutt genuch sinn, wann d'Acteuren net déi richteg Mine oder dee richtegen Outfit hunn. Dat kann dezent a sober sinn oder awer och grell an expressiv. Zenter Joren schminkt, moolt a kämmt de geléierte Coiffeur d'Leit fir op d'Bühn. Och an der neier Produktioun "Friture Henriette on Tour" vum Kënschtlerkollektiv Maskénada, bei deem de Joël Seiller och Member ass. An dës Woch ass hien eise Freides Invité.

Radio Freides Invite: Joël Seiller





"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).