Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner
An der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport tëscht 12 an 13 Auer war d'Presidentin vun der Lasep d'Invitée beim Franky Hippert.
D’Nicole Kuhn-Di Centa ass Invitée beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, schwätze mer tëscht 12 an 13 Auer iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner.
Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, a wat muss sech a Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren?
Dat ware just e puer vun den Sujeten e Freideg tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg.
D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.