Trounwiessel-Feierlechkeeten an der Stad : Alles, mee kee Volleksfest

E Freideg gëtt et eng Woch, datt Lëtzebuerg een neie Grand-Duc a Staatschef huet. Een historesche Moment, dee Samschdes mat enger Tournée vun der groussherzoglecher Koppel duerch d’Land gefeiert gouf, mat enger leschter Etapp owes an der Stad. Eng Etapp, déi awer um Ecran méi iwwerzeegt huet, ewéi an der Realitéit, mengt d'Marlène Clement an engem Commentaire.
An dat louch net just um groen an naasse Wieder. Ëmmerhin hu vill Leit trotz Reen a Wand de Wee an d'Stad fonnt, fir bei deem grousse Moment mat dobäi ze sinn. Déi sinn awer um Enn duebel am Ree stoen gelooss ginn...
D’Kommunikatioun vun den Organisateure war nämlech suboptimal, fir et fein auszedrécken. Et soll spannend ginn, dofir géing een nach net ze vill verroden, soten d'Stad Lëtzebuerg an den Atelier e puer Deeg virun de Festivitéite virun der Press. Ma datt et esou spannend géing ginn, datt och den Dag selwer vill Leit net wossten, wat da lo genee op der rouder Bréck geschitt, vu wou aus een dat Ganzt sollt kucken, oder em wéi vill Auer d'Droneshow schlussendlech wier, dat ass dann awer e bëssen ze vill eng Virwëtztut.
Vu mëttes fréi u scho ware Concerten um Glacis geplangt, déi dunn awer zum Deel hu missen no an no wéinst dem ville Reen a Wand ofgesot ginn. "Net schlëmm", kéint een denken, ëmmerhi ginn et Iess- a Gedrénksstänn an ee Public Viewing um Glacis. Wär do net de Problem, datt d'Offer sech op eng Handvoll Bude limitéiert huet an d'Leit gären eng deck hallef Stonn bis eng Stonn hu missen ustoen, fir eppes ze kréien. D'Supermarchéen, Restauranten a Bistroen um Lampertsbierg huet et gefreet. Déi waren op eemol struppevoll.
Um aacht Auer dann de grousse Moment : Den neie Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie defiléieren iwwer d’Rout Bréck, déi schonn eng Woch virdrun zäitweis komplett gespaart war fir d'Preparative vun deem grouss ugekënnegten "Tram-Ballet". Eng spektakulär Show mat Laser, Luuchten a Musek, déi fir impressionant Biller op der Tëlee an an de soziale Medie gesuergt huet. Déi vill Spectateuren um Glacis respektiv virun der Rouder Bréck, kruten dovunner awer relativ wéineg mat. Wuel goufen zwar Biller op den Ecranen um Glacis iwwerdroen, dat awer ouni live Kommentar, esou datt wuel kaum ee verstanen huet, wat do grad geschitt oder firwat den Andy Schleck op eemol mat enger Këscht an der Hand nieft dem Grand-Duc trëppelt.
Vun all deem huet sech de Public awer net demotivéiere gelooss. Ze grouss war d'Virfreed, den neie Grand-Duc an d'Grande-Duchesse fir déi grouss Final vun hirer Tournée um Glacis ze gesinn. Als kréinenden Ofschloss gouf et eng 8-Minutten Droneshow an ee grousse Concert vu Ronn 30 Artisten aus der Lëtzebuerger Musekszeen, déi - ob se lo Fan vun der Monarchie sinn oder net - deen Owend op där imposanter Bün alles ginn hunn. An esou bleiwen d'Feierlechkeeten an der Stad deene meeschten da wuel awer nach positiv an Erënnerung. Feierlechkeete bei deenen de Public um Enn awer éischter Statist war, ewéi Deel vun engem grousse Volleksfest.