Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt.

Haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.

12/03/2020 Mariette Lentz am Gespreich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.