Trump annoncéiert Eenegung tëscht Israel an Hamas

© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP
Zwee Joer nom Ufank vum Gazakrich hunn d'Konfliktparteie sech op d'Ëmsetzung vun der éischter Phas vum amerikanesche Friddensplang gëeenegt.
Dat huet den amerikaneschen President Trump op senger Plattform Truth Social annoncéiert. Deemno sollen op béide Säiten all Geiselen a Gefaangener nächste Méindeg fräi kommen, an Israel wäert seng Arméi hannert eng gemeinsam festgeluechte Linn zeréck zéien.
Den israeelesche Premier Netanjahu huet sech erliichtert gewisen a wëll en Donneschdeg seng Regierung zesummeruffe fir den Accord unzehuelen. Dem israeelesche President Isaac Herzog no géif et keng Zweiwel doru ginn, dass den Donald Trump de Friddensnobelpräis verdéngt. Och d'Hamas confirméiert den Accord, fuerdert awer vun den USA a vun den anere bedeelegte Länner Garantien, datt Israel d'Wafferou anhält. Nëmme Stonne méi spéit goufen awer an der nërdlecher Regioun vu Gaza nei Explosioune gemellt.
International Reaktiounen
Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet den Accord begréisst a gläichzäiteg béid Parteien opgefuerdert, sech un d'Eenegung ze halen. All Geisele misste mat Würd fräigelooss ginn, an d'Kämpf ee fir allemol op en Enn bruecht ginn.
Och d'Regierunge vun Australien an Neiséiland hunn d'Eenegung gelueft. E wichtegen an dréngende Schratt a Richtung Fridde wier gemaach, a si géifen déi wichteg Rolle vun den USA, Ägypten, Qatar an der Tierkei bei der Ëmsetzung vum Plang unerkennen.
Wéi vill Geisele liewen nach, a wou si se?
CNN huet gemellt, dass Israel dovun ausgeet, dass d'Hamas méiglecherweis net an der Lag wieren, all doudeg Geiselen ze fannen an z'iwwerginn, well se net genee wéissten, wou sech déi 28 Kierpere géife befannen. Aner Quelle schwätze vu siwe bis néng Persounen, oder zéng bis 15. Israel geet dovunner aus, dass vun den 48 Geiselen, déi nach an der Gazasträif sinn, der nach 20 um Liewe sinn.
Wéi et weidergoe wäert mat enger nächster Phas vum Friddensaccord, géif schonn haut zu Kairo weiderverhandelt ginn, esou e Responsabele vun der Hamas. Den Donald Trump wëllt iwwerdeems nächste Weekend an de Noen Oste fléien, warscheinlech an Ägypten, oder souguer an d'Gazasträif.
En Donneschdeg de Mëtten ass de Noost-Friddensaccord och Sujet zu Paräis. D'Ausseministeren aus der EU, grad sou wéi hir Homologen aus arabeschen a weidere muslimesche Länner wäerte beieneekommen. Et geet ëm konkreet Schrëtt fir dem Konflikt en Enn ze setzen an ëm d'Hëllef fir den Erëmopbau vun der Gazasträif.