Israel huet offiziell en Accord mat der Hamas ënnerzeechent
Zwee Joer nom Ufank vum Gazakrich hätte sech also d'Konfliktparteie op d'Ëmsetzung vun der éischter Phas vum amerikanesche Friddensplang gëeenegt.
Den Accord tëscht Israel an der radikalislamescher Hamas am Kader vun der éischter Phas vun enger Wafferou an der Gazasträif ass der israeelescher Regierung no offiziell ënnerzeechent ginn. Déi endgëlteg Versioun vum Accord "iwwert d'Fräiloosse vun alle Geiselen" wier en Donneschdeg de Moie "vun alle Parteien" an Ägypten ënnerzeechent ginn, esou eng Regierungsspriecherin.
Dësen Accord gesäit op der enger Säit d'Fräiloosse vun israeelesche Geisele vir, ma awer och d'Entloosse vu palästinensesche Prisonéier aus israeelesche Prisongen, e Réckzuch vun der israeelescher Arméi an Hëllefsliwwerunge vir.