"Wäert fir eng Zäit Lëtzebuerg verloossen"
Beim Welcome-Dinner vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters huet de Grand-Duc Henri um Mëttwochowend e Präis krut a sech kuerz un d'Gäscht geriicht.
Hien huet de Gäscht fir de "wonnerbare Owend" Merci gesot. Awer och op Englesch matgedeelt, datt hie beim Tournoi net wäert derbäi sinn, aus engem gudde Grond:
"Wéi Dir wësst, sinn ech an d’Pensioun gaangen. Dat heescht, ech wäert fortgoen.“
De Grand-Duc Henri huet erkläert, datt hien zesumme mat senger Fra d’Land fir eng Zäit verléisst: "Muer huele mir den Auto a fuere fir eng Zäit fort. Ech hoffen, Dir verstitt dat."
Säi Fils, de Grand-Duc Guillaume, ass zanter e Freideg offiziell neie Staatschef vu Lëtzebuerg.
Grand-Duc als grousse Fan vum Tennis
Ee vun den emotionalen Héichpunkte vum Welcome-Dinner war d’Éierung vum Grand-Duc Henri. Zanter 1991 war hien, oder ee Member vu senger Famill, all Joer beim Turnéier op der Kockelscheier oder an de leschte Joren, bei der neier Editioun an der Coque derbäi.
D’Organisateure vum Tennis-Turnéier wollten him Merci soe fir seng laangjäreg Ënnerstëtzung, an dofir ass de Präis, dee soss un eng Tennisspillerin geet, dëst Joer dem fréiere Staatschef iwwerreecht ginn.
GewënnerInne vum Jana Nowotna Award
2017 Monica Niculesco
2018 Mandy Minella
2019 Andrea Petkovic
2020 Ana Ivanovic
2021 Julia Goerges
2022 Kim Clijsters
2023 Daniela Hantuchova
2024 Grand-Duc Henri