2 Ween kollidéiert, 4 Leit blesséiert

© Paul, RTL Mobile Reporter
Um Samschdeg géint 16.20 Auer krute sech op där Streck 2 Ween ze paken. Ee Gefier goung dobäi op d'Kopp.
Nodeems en Autofuerer un d'Rutsche komm ass an en zweeten Auto gesträift huet, huet deen éischten Auto sech iwwerschloen an ass am Gruef leie bliwwen.
Am éischten Auto sinn 3 Persounen an am zweeten Auto ass eng Persoun liicht verletzt ginn.
Während de Rettungsaarbechten war d'Strooss kuerzzäiteg gespaart. Déi 4 Blesséiert koume mat den Ambulanze vu Péiteng an d'Déngschtspidol.
Op der Plaz waren den Asazzenter Péiteng/Käerjeng mat 2 Ambulanzen a Sauvetage, d'Pompjeeë vun Dippech a Betten/Mess an d'Police vun der Cap an Déifferdeng.
Um Samschdeg am Nomëtteg goufen et direkt 4 Accidenter, an déi all Kéiers 2 Ween verwéckelt waren. Nieft deem op der Streck Schuller-Käerjeng och nach een zu Uewerkäerjeng, Elweng an Diddeleng.
Den 112 mellt am ganzen 8 liicht Blesséierter.