Zu Rodange an op der A7 an A3
CGDIS mellt dräi Blesséierter bei dräi Accidenter
© RTL-Archiv
Am Lokale mellt de CGDIS dräi Accidenter zanter e Freideg den Owend.
E Freideg den Owend ass géint 19 Auer op der Lonkecher Strooss zu Rodange eng Persoun blesséiert ginn, well e Camion an en Auto net laanschtenee komm sinn.
Kuerz viru 4.30 Auer ass e Samschdeg de Moien op der A7 a Richtung Stad en Auto accidentéiert, dat war tëscht Schieren a Colmer-Bierg. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.
An op der Diddelenger Autobunn (A3) a Richtung Frankräich ass um 4.45 Auer en Auto an e Camion gerannt. D'Accident ass tëscht dem Beetebuerger Kräiz an Diddeleng geschitt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Am meeschte gelies