Premier Luc Frieden ass zefridden mat den éischten zwee Joer vun der Regierung
© RTL
Um Pressebriefing huet hien déi gutt Zesummenaarbecht an Atmosphär am Ministerrot an tëscht de Fraktiounen vun de béide Parteien ervirgestrach.
D‘Ministere vun CSV an DP wäre bei der Ëmsetzung vum Koalitiounsprogramm gutt viru komm. Ma och op méi däreg Aktualitéitsthemen ass de Luc Frieden agaangen, virop Amazon a geleakten US-amerikanesch Iddie fir e Fridden an der Ukrain.
Den Internetgigant Amazon beschäftegt gutt 4200 Leit hei zu Lëtzebuerg. RTL-Informatiounen no plangt d‘US-Entreprise hei iwwer 400 Aarbechtsplazen ofzebauen. Dee Chiffer wollt de Luc Frieden net confirméieren: "Nee! Mir hu keng Chifferen."
Allerdéngs wär et ni gutt, wann iwwerhaapt Plazen hei am Land solle verschwannen. Dofir krut den Aarbechtsminister Georges Mischo elo eng Missioun am Regierungsrot: "D‘Regierung freet hiren Aarbechtsminister Kontakt opzehuele mat Amazon an hinnen un d‘Häerz ze leeën op de Wee vun engem Plan de maintien dans l‘emploi ze goen, wa Restrukturatiounen da wierklech néideg sinn. Dat ass jo e Lëtzebuerger Instrument fir z‘evitéieren, dass et zu engem Sozialplang kënnt. Et ass net un der Regierung engem Betrib ze soen, wat e genee muss maachen, mä mir kënnen awer Recommandatiounen ausschwätzen."
Lëtzebuerg wär fir Amazon strategesch wichteg. Dat hätt een him zu Seattle confirméiert, esou de Luc Frieden nach. Amazon wéilt och a Kontakt mat der ADEM bleiwen. E ganz anert Thema mee net manner wichteg: d‘US-amerikanesch Pläng déi an der internationaler Press zirkuléiere fir e Fridden an der Ukrain. Eng vun den Iddien ass, dass d‘Ukrain fir en Enn vum Krich ënnert anerem d‘Krim an aner Territoiren u Russland ofgëtt. De Luc Frieden huet esou dorop reagéiert: "Fir eis ass wichteg, dass näischt decidéiert gëtt ouni d‘Ukrain. De Prinzip vun der territorialer Integritéit, de Prinzip vun der Souveränitéit, ass e ganz wichtegen. Kee kann der Ukrain eppes imposéieren. Wann dat a Friddensverhandlunge mam Accord vun der Ukrain geschitt, ass dat eppes aneschters. Ech kennen dee Plang awer net am Detail. Ech kennen déi Resuméen déi zirkuléieren. Mä d‘Amerikaner hunn dee Plang nach net mat eis gedeelt an och net mat aneren. Dat diskutéiere mir da mat den europäesche Regierungscheffen, wa mir dee Plang da gesinn. Virop misste mir dann awer mam ukrainesche President schwätzen."
De Lëtzebuerger Premier ass zefridde mat der Leeschtung vu senger Regierung. 24 Méint intensiv Aarbecht kéinte sech weise loossen. Et hätt een d‘Kafkraaft vun de Leit an d‘Betriber gestäerkt. Andeems de Staat d‘Netzkäschten iwwerhëlt, hätt se d‘Energiepräisser stabiliséiert. D‘CSV-DP hätt och a Punkto Logement, Pensiouns- grad ewéi Gesondheetswiese geliwwert.
All fënneft Persoun ass zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff. Bei de Leit déi eng Aarbecht hunn an trotzdeem d‘Enner net beienee kréien, huet Lëtzebuerg déi traureg éischte Plaz an der EU. Ob STATEC oder Chambre des Salariés: Ee Rapport nom anere weist, dass d‘Aarmut ze Lëtzebuerg och ënner Schwaarz-Blo net manner ginn. De Premier Luc Frieden wëll dat net richteg gëlle loossen, hie wëll nuancéieren:
"Aarmut an de Risiko an d‘Aarmut ze falen, muss een zu Lëtzebuerg awer och nach ënnerscheeden. Ech mengen, dass a verschiddene Presentatiounen eng Vermëschung vu béide Saache gemaach gëtt. Well eis dat wichteg ass hu mir awer direkt dräi, véier Mesuren ënnerholl: D‘allocation de vie chère erhéicht an automatiséiert, d‘Energieprime verdräifacht, an awer och den net-qualifizéierte Mindestloun steierfräi gemaach. Ech menge schonn, dass dat en Impakt huet. Dat héieren ech och vum Terrain. Elo kommen nach aner Moossnamen dobäi. Déi wäert de Familljeminister der Regierung nach virum Enn vum Joer presentéieren. Mä dat ass e Plang. Dat hei ass schonn Aktioun virum Plang."
Den Aktiounsplang géint d‘Aarmut soll am Dezember presentéiert ginn. Wat de Sozialdialog ugeet, huet de Luc Frieden erkläert, dee wär senger Meenung no nees op engem gudde Wee. Den Aarbechtsminister Mischo an dee fir d‘Ekonomie Delles hätten am Regierungsrot vu ganz konstruktiven a gudde bilaterale Gespréicher mat de Gewerkschafte respektiv dem Patronat geschwat.