E Freideg war et erëm sou wäit: Den "Zuch vun der Demokratie" ass an d'Stad gerullt.

Wéi erkläert een Demokratie de Kanner? An nach vill méi wichteg: Wat léiere Politiker selwer dobäi? Dat konnt een e Freideg de Moien an der Chamber erliewen.
 
Elleng schonn den Trajet mam Zuch an d’Stad ass fir esou muncher een eng kleng Aventure. Um Punkt 9.30 Auer huet den Zuch vun der Demokratie seng Statioun erreecht. Mat dobäi sinn dëst Joer 140 Schüler tëscht 8 an 12 Joer  aus 5 verschiddene Gemengen.

Et ass e besonnesche Moment fir d’Schüler,sech op deene Plaze breet ze maachen, op deenen normalerweis Deputéiert sëtzen. Den Austausch mat de Kanner ass de Politiker op jiddwerfalls wichteg, esou de Chamberpresident Claude Wiseler: "Fir, datt se einfach gesinn, datt d’Chamber näischt Abstraktes ass. Datt d’Chamber och hiert Haus ass an, datt och si eng Plaz an der Demokratie hunn. Et ass och wichteg, datt se gesinn, datt ee mat den Deputéierte kann diskutéieren an dës déi Jonk och seriö huelen. An, datt d’Politik och doranner besteet, datt se hir Meenung kënnen, däerfe, solle soen."

Dat de Schüler esou munches ënnert den Neel brennt, gëtt séier däitlech. Do geet schonn e kuerzen Bléck op déi mënschlech Cartons-Figuren duer, déi d’Kanner am Kader vum Projet gebastelt a matbruecht hunn. Kanner sinn direkt a soe wat se denken, weess och d'Enseignante Karine Marinho. "Ech hunn et awer och schéi fonnt, wéi spontan d’Kanner elo op nei Theme konnten agoen. An doriwwer direkt diskutéieren. An och nei Iddie goufe vun hinnen direkt ausgebaut."

Méi Respekt géintiwwer anere Leit. Et musse nees méi Komplimenter gemaach ginn. Recycelen wou et nëmme geet. An eng App déi hëlleft dat mat anere Leit ze deelen, wat ee selwer vläicht ze vill huet. Dat sinn nëmmen e puer Fuerderunge vun de Schüler.

"Mir haten d’Iddie, datt mer vläicht e Futtballterrain ewechhuelen an e Gemeinschaftsgaart drop planzen. Well da kënnen och déi Kanner drop spillen, déi kee Gart méi Doheem hunn", seet den 9 Joer ale Kyle. "Well vill vun deene Kanner spillen op der Strooss. An dat ass geféierlech well d’Autoe sou schnell fueren."

"Datt ee méi Zäit mat den Eltere verbréngt a manner Zäit an der Maison Relais", ass eng Fuerderung vum Callan, och néng Joer al.

Dat 10 Joer aalt Eldana huet eng aner Propos: "Zwee Mol d’Woch zesumme mat der ganzer Klass e gesond Frühstück zesummen op engem Dësch iessen."

Notten an Iddie konnten d'Deputéiert e Freideg also genuch sammelen. Fir d’Mëttegstonn ass den Zuch vun der Demokratie dann nees lassgefuer.